Iwwert d'Joren ewech ass de Waluigi zu enger richteger Gréisst am Super Mario-Universum avancéiert.

Net méi laang wäert et dauere bis datt de Masahiro Sakurai de leschte Charakter fir dat weltwäit beléifte Kampf-Spill Super Smash Bros. Ultimate fir d'Nintendo Switch ukënnege wäert. De Groussdeel vun de Fans huet allerdéngs elo schonn ee Favorit fir déi Plaz...

Dobäi handelt et sech em kee geréngere wéi de Waluigi. Als beschte Kolleeg vum Wario an als Géigespiller vum Luigi konnt de Waluigi sech säit sengem éischten Optrëtt am Mario Tennis fir den Nintendo 64 an d'Häerzer vun de Spiller a Spillerinnen eraspillen. De beschte Beweis sinn d'Spiller Mario Kart 8 Deluxe oder Mario Tennis Aces, wou de Waluigi ee vun deene meescht-benotzte Charakteren duerstellt.

Iwwert d'Joren ewech ass de Waluigi zu enger richteger Gréisst am Super Mario-Universum avancéiert. Doriwwer eraus ass hien mëttlerweil a bal all Nintendo-Spill erëmzefannen. Just an engem eenzege Franchise konnt de Waluigi sech nach net als spillbare Charakter manifestéieren. Richteg, riets geet vun der Super Smash Bros.-Franchise. Obwuel an dëser Franchise bal all Nintendo-Charakter spillbar ass, esou guer d'Piranha-Planz, dierft et déi sëllege Fans vum Waluigi wuel duerchaus frustréieren, datt si net an de Genoss kommen de Waluigi ze spillen.

Dofir féiwert all Nintendo Fan der Ukënnegung vum Sakurai, dem Erfinder vum Franchise, entgéint an der de finale Charakter schlussendlech ugekënnegt soll ginn. Vill Leit wëllen des Entscheedung allerdéngs net dem Sakurai iwwerloossen, soudatt si kuerzerhand en eegene Trailer op d'Been gestallt hunn, deen duerchaus realistesch ausgesäit an an deem de Waluigi sech schlussendlech no all de Jore selwer an d'Spill invitéiert.

Hei kënnt dir iech den Trailer nach eng Kéier ukucke wann der wëllt:

Wat sot dir? Wéi gefält iech den Trailer a gëtt de Waluigi de finale Charakter vum Spill? Loosst eis et wéi ëmmer mat engem Commentaire wëssen!