Nodeems Lego viru kuerzem op Twitter Uspillungen op eng nei Kooperatioun mat Nintendo gemaach huet, gouf elo endlech bestätegt, ëm wat et genee geet.

Riets geet dobäi vum allsäits bekannte giel-wäissen ?-Block aus dem Super Mario-Universum, deen een ab dem 1. Oktober exklusiv an allen offizielle Lego-Butteker an am Lego-Online-Shop ze kafe kréie wäert. Ab 2022 soll de ?-Block dann och an anere Geschäfter virzefanne sinn. Präislech wäert de ?-Block sech op ronn 170€ belafen.

De ?-Block stellt sengersäits eng Referenz un d'Spill Super Mario 64 fir den Nintendo 64 duer, well sech am Block dräi Welte befannen, déi de Spiller a Spillerinne vum Spill wuel bekannt dierfte virkommen. Dobäi handelt et sech em d'Schlass vun der Prinzessin Peach, em Bom-omb Battlefield an em Cool Cool Mountain. Des Welte loossen sech dank enges Mechanismus aus dem ?-Block eraushuele souwéi och erëm an de Block zréckverfrachten, soudatt de ?-Block bei deem engen oder aneren Haushalt als en schéine Bléckfang fungéiere wäert.

Passenderweis hunn Nintendo a Lego och en Trailer zum ?-Block an d'Netz gestallt, deen dir iech elo hei kënnt ukucken:

Wat sot dir zum ?-Block? Wäert dir iech en kafen oder ass esou een Objet näischt méi fir iech?