PS5 gëtt et ausserhalb vum normale Marché däitlech méi bëlleg

© CHARLY TRIBALLEAU / AFP
Domadder wäert sech d'Geschäft ëm d'Konsol lues awer sécher ëmmer manner fir sougenannte "Scalpers" rentéieren.
D'Präisser fir d'PlayStation 5 gi lues a lues erof, dat weisen déi aktuellsten Zuelen. De Problem allerdéngs dee bleift, ass dass d'Konsol um konventionelle Marché nach ëmmer schwéier ze kréien ass. D'Präis zeechent sech awer op de Plattforme vun de Reseller of. Scalper mussen hir Konsolen ëmmer méi gënschteg verkafen, fir se iwwerhaapt nach fir de Präis lass ze ginn.
Offiziell läit de festgeluechte Präis vun enger PS5 mat Disc-Lafwierk bei 499 Euro. Majo zënter dem Release ass d'Konsol awer just an de seelenste Fäll wirklech fir dee Präis verkaaft ginn. Knapp 1 Joer nodeems se erauskomm ass, ass d'Konsol nach ëmmer duerchgängeg ausverkaaft, dat zum groussen Deel, well sech d'Scalperen d'Wuer souzesoen ënnert de Nol räissen an deier weider verkafen.
An de Präis louch an der Woch vum sougenannte Cyber-Weekend bei ronn 1.000 US-Dollar, wann een eng PS5 wollt hunn. Mëttlerweil sinn d'Präisser, wéi een op StockX kan gesinn, an den USA däitlech gefall a läit am Duerchschnëtt elo bei ronn 715 US-Dollar, also knapp 30% méi bëlleg. Wuelverstanen ass dat de Präis vun de Re-Sellers, net den offizielle Präis, deen do natierlech nach däitlech drënner läit.
Verwonnerlech ass dës Entwécklung awer virun allem och, well d'Quantitéit u verkaafte Konsolen déi nämmlecht bliwwen ass, obwuel de d'Präisser erofginn. D'Clienten, déi nach keng Konsol besëtzen, schénge wuel ëmmer manner dozou bereet ze sinn, dës astronomesch Präisser op den Dësch ze leeën.