Nieft Mario Kart 8 Deluxe wäert de Grupp vun Team Lëtzebuerg awer och eng Partie Spill-Owenter ausserhalb vu Mario Kart 8 Deluxe organiséieren.

Nodeems di lëtzebuergesch Mario Kart 8 Deluxe Zeen sech am World Cup duerch Qualifiers mat der ganzer Welt konnt duelléieren, huet d'Gaming Grupp Team Lëtzebuerg no hirer Summerpaus eréischt rezent hiren neien Online Turnéier Format vu Mario Kart 8 Deluxe presentéiert: TL National Leagues!

Dëse Format fänkt vum 2. Oktober un mat engem 1 géint 1, wou all Spiller ob sech selwer gestallt ass an innerhalb vun 8 Coursë géint all Participant untrëtt.

Enn November ass een dann net méi ob sech eleng gestallt: Am 2 géint 2 Format kann ee wärend 12 Coursë géinteneen duelléieren an sech als Teamplayer ënner Beweis stellen..

Ufanks Januar 2022 geet et dann am Trio-Format (3vs3) weider, och hei gëllt et nees innerhalb vun 12 Coursen am Team di meeschte Punkten ze ergatteren an um Enn Victoire fir seng Ekipp heemzefueren.

Nei des Kéier ass de 4 géint 4 Format: Ab Mäerz 2022 kennen sech eng éischte Kéier hei am Land 4 Spiller zesummen doen a géint 4 aner Fuerer untrieden. Och hei sinn et nees 12 Coursen, soudatt den traditionelle Mario Kart Drama virprogramméiert ass.

Di genau Reegele fann Dir ëmmer reegelméisseg op dem Discord-Channel, souwéi op de Soziale Plattformen / Medie vun Team Lëtzebuerg.

De genaue Communiqué vun Team Lëtzebuerg mat de genauen Datumer vun der Umeldung, fann Dir ënnert dësem Link! Dir kënnt iech och online umellen.

Bei weidere Froe kennt Dir hinne via Discord, Facebook oder Instagram schreiwen, oder hinne via E-Mail är Froe stellen.

Nieft Mario Kart 8 Deluxe wäert de Grupp vun Team Lëtzebuerg awer och eng Partie Spill-Owenter ausserhalb vu Mario Kart 8 Deluxe organiséieren. D'Spiller wéi Splatoon 2, Pokémon Unite souwéi dem 4. Generatioun Remake si virgesinn. Nintendo steet domat op éischter Plaz!

Lëtzebuerger Mario Kart 8 Fans dierften domat op hir Käschte kommen.