Eng ganz Ekipp nëmme mat Lëtzebuerger Spiller? Dëst Joer ass dat an der Futtballsimulatioun FIFA 22 vun EA méiglech!

All Joer kënnt en neie FIFA-Deel op de Marché an d’Fans waarden all Kéiers op en Neits gespaant op d’Bewäertunge vun hire Liblingsspiller an Ekippen. Dëst Joer hunn et besonnesch vill Lëtzebuerger an d’Simulatioun gepackt, soudatt et fir d’éischt Kéier méiglech wäert sinn, eng komplett Lëtzebuerger Formatioun am Karriär-Modus zesummenzestellen.

Déi am beschte bewäerte Lëtzebuerger sinn dëst Joer de Maxime Chanot (New York City FC), de Leandro Barreiro Martins (FSV Mainz 05) an de Gerson Rodrigues (ESTAC Troyes). Si krute vun EA eng Gesamtstäerkt vun 72 spendéiert. Eng Stäerkt vun 69 kruten de Christopher Martins (BSC Young Boys), de Laurent Jans (Sparta Rotterdam) an den Anthony Moris (Royale Union Saint-Gilloise) zougeschriwwen. Den Danel Sinani, deen aktuell fir Huddersfield Town spillt, krut eng 67 zougeschwat, genee wéi de Lars Gerson, deen d’Faarwe vu SK Brann vertrëtt. De Matspiller vum Laurent Jans bei Sparta Rotterdam, de Mica Pinto ass och am Spill vertrueden. Hien krut vun EA eng Stäerkt vu 66. Gläich dräi Spiller kruten eng Stäerkt vu 64 zougeschwat. Dobäi handelt et sech em de Maurice Deville (1.FC Saarbrücken), de Marvin Martins (FK Austria Wien) an den Dirk Carlson (FC Erzgebirge Aue).

Mä och eng sëllege Jugendspiller sinn am Spill vertrueden. Esou kann een och mam Tim Kips (FC Erzgebirger Aue) a mam Timothé Rupil (FSV Mainz 05) spillen, déi allebéid eng 59 hunn. Och den Eldin Dzogovic (1.FC Magdeburg) mat enger 58 an de Ryan Johansson (56), deen un Fortuna Sittard ausgeléint ass, sinn am Spill erëmzefannen.

Sidd Dir zefridde mat dëse Bewäertungen a wäert Dir am Spill och op d’Lëtzebuerger zréckgéifen? Loosst eis et wéi ëmmer wëssen!