De 7. Oktober gouf Far Cry 6 offiziell released an et dierft d'Fans net enttäuschen. Et ass op eng Manéier eng Rees zeréck un d'Uerspréng vun der Serie.

Ubisoft huet, no iwwer 3 Joer nom Release vu Far Cry 5, de 6. komplett neien Deel vun der Serie erausbruecht, deen dës Kéier op enger fiktiver Insel spillt, déi staark u Kuba, respektiv d'Karibik erënnert. Haaptcharakter ass den Dany oder d'Dany, d'Geschlecht kann ee sech direkt am Ufank vum Spill eraussichen, inklusiv eben engem genderneutralen Numm.

Et kéint een elo laang a breet d'Story vum Spill erklären, mä déi Leit, déi op d'mannst eemol Far Cry an hirem Liewe gespillt hunn, wëssen definitiv ëm wat et geet, en plus wëlle mer Iech jo och d'Freed um Spill net mat Spoilere verdierwen. Fir awer net ze vill ze verroden: Och a Far Cry 6 leet een nees Hand un d'Waffen a probéiert zesumme mat senger Ekipp u Revolutiouns-Frënn den diktatoreschen a grausame Regime vum Antón Castillo, gespillt vum Giancarlo Esposito (Breaking Bad, The Boys, The Mandalorian...), ze bekämpfen an d'Insel ze liberéieren.

Sou muncher een erkennt elo schonn, dass sech de Prinzip vu Far Cry och mam 6. Deel net vill geännert huet. An hei muss ech direkt kloerstellen, dass mech dat perséinlech net stéiert, am Géigendeel: „Never change a winning team“ ass hei d'Devise. Ubisoft mécht an dësem Spill genee dat, wat et kann a wat et zënter Ufank un einfach brillant ëmsetzt.

Gameplay

Ugefaange beim Gameplay vum Spill, dat einfach wéi ëmmer, z'iwwerzeege weess, dat duerch säi relativ einfachen an intuitiven Handling, deen d'Serie zënter Ufank un hat, a mat der Zäit ëmmer méi iwwersiichtlech an einfach besser ginn ass. D'Prinzip vum Spill ass an der Basis nach ëmmer dat selwecht: et muss ee militäresch Basisse vun de Géigner ugräifen, Satellitten zerstéieren, Punkten anhuelen, Gefierer klauen oder gutt verstoppte Schätz fannen an dobäi souguer Rätselen deelweis léisen. Hei gëtt et mol en Deel vun enger Kaart, da sinn an enger Missioun nees uerdentlech Pesos ze maachen, dat ëmmantelt ebe mat enger Partie u verschiddene Story-Sträng, déi engem ëmmer nees nei Missiounen, Operatiounen an Aufgaben ubidden an ervirbréngen.

RTL

© Ubisoft

Mat der Zäit ginn d'Basisse ronderëm een ëmmer méi staark an et muss een sech eben, je nodeem wat ee maache muss, upassen, d'Waffen upgraden a wiesselen oder sech en Helikopter oder e Panzer organiséieren. Richteg vill innovativ Neierunge ginn et hei net wierklech vill, et huet ee ganz kloer op den al-bekannte Gameplay geluecht, dat ebe matten an engem neie Setting. Et mécht eben einfach ëmmer nach, an och erëm, Spaass, sech vun enger Missioun op déi nächst ze maachen, dat zu Fouss, mat engem Gefier, an der Loft oder um Päerd. Dertëscht stéisst een natierlech ëmmer nees op aner Géigner, verstoppte Këschten, kleng Tësche-Missiounen, vergruewe Schatztruen... dass een op eemol komplett vergiess huet, wou een an sech initial hiwollt. A genee dat mécht de Charme an de Spillspaass vu Far Cry nach ëmmer aus a weist d'Stäerkten vun engem Open-World-Spill.

Grafik a Look vum Spill

An do kéime mer och zu deem, wat d'Spill dann och fir Leit nees attraktiv mécht, déi eventuell eng gewësse "Far Cry-Fatigue" verspieren. D'Spill ass, wéi een dat vun Ubisoft meeschtens gewinnt ass, vum Look hier eng absolut Pärel. Sief et d'Faarwe-Palette, den Design vum Setting an deem de Protagonist sech ophält, d'Landschaften, d'Wieder, d'Déierewelt... alles ass stëmmeg a passt zum karibesche Feeling vun der Insel, op där sech alles ofspillt.

RTL

© Ubisoft

Detailer ginn et der eng Onmass. Elleng wann e Stuerm opzitt an sech e kräftegt Summerwieder forméiert, inclusiv de Blëtzer an dem Reen, ass eng Erfarung, déi sech lount an déi dem Spiller och d'Gefill gëtt an enger authentescher Welt ze sinn an och selwer do andauchen ze kënnen. D'Léift zum Detail ass hei d'Stéchwuert an eng Joker-Kaart, déi Ubisoft wéinst senger gréisst an Unzuel u Studioen an der ganzer Welt och kloer ausspillt. D'Resultat léisst sech alt nees méi wéi weisen.

Fazit

Als Far Cry- Fan kritt een am neisten Deel wierklech nees alles gebueden, wat engem säi "Revoluciòns-Häerz" héichschloe léisst. E Spill, dat nees vollgepaakt mat Action, Witz, der néideger Brutalitéit awer och dem néide Feingefill fir d'Story ass an natierlech Spillspaass puer liwwert, deen duerch de gewinnte Koop-Feature exponentiell erhéicht gëtt. Online mat enger Frëndinn oder engem Frënd d'Spill ze spillen, ass eent vun den Haaptargumenter vu ville Fans, fir sech d'Spill och dës Kéier op alle Fall nees zouzeleeën. D'Schwaachpunkte vum Spill leien awer op der Hand: virun allem Leit, deenen de Prinzip vu Far Cry näischt méi seet, déi däerfe sech beim neisten Deel net vill Verännerungen erwaarden. Allerdéngs ass et souguer fir dës Leit trotzdeem derwäert sech d'Spill awer nees ze kafen, well et dann awer duerch den neie Setting, den neie Personnagen an den deels brillante Waffen eng Erfarung ass, déi ee just vun dëser Serie ka kréien.

RTL

© Ubisoft

Et schéngt, wéi wann ee mat dësem Deel nees zeréck un d'Urspréng vu Far Cry komme wollt, am gewinnte Setting, ouni grousse Schnick-Schnack, ebe klassesch op enger Insel. An dat ass den Entwéckler definitiv gelongen. E klengen Minuspunkt gëtt et vu mir awer nach um Koop-System, deen nach ëmmer drop baséiert, dass dee Spiller, deen en anere Spiller invitéiert, de komplette Fortschrëtt kritt, deen anere just verschidden Elementer an Missioune bei sech trotzdeem nach eemol maache muss. Hei kéint ee sech an Zukunft eventuell dann dach emol en neie System ausdenken. Op der anerer Säit géif ech mer och wënschen, dass am nächsten Deel eventuell méi wéi 2 Spiller am Koop kënnen zesumme spillen.

Vun eis kritt d'Spill en exzellent 8,5/10, et lount sech also definitiv dësen Hierscht sech Far Cry 6 unzeleeën.