Mam Spill Tennis Manager 2021 hutt Dir d’Méiglechkeet de beschten Tennis-Manager vun allen Zäiten ze ginn.

Baut eng eegen Akademie op, trainéiert a geréiert är Ekipp, plangt Turnéieren, rekrutéiert jonk Spiller a maacht Iech en Numm an der Tennis-Welt!

Säit Joren erfreet sech de Simulatioun-Genre an der Videospill-Welt un grousser Beléiftheet. Allerdéngs hunn do haaptsächlech d’Futtball-, d’Landwirtschafts, d'Panzer- an déi divers Fluch-Simulatiounen en groussen Undeel dodrun. Mä de Videospill-Entwéckler Rebound CG wëll de Marché un Simulatiounen elo mat enger weiderer Sportaart revolutionéieren! Des Revolutioun soll deemno duerch eng Tennis-Simulatioun geléngen.

D’Spill Tennis Manager 2021 bitt alles wat engem Tennis-Fan d’Häerz méi héich schloe léisst: Iwwer 2.000 reell Turnéieren a 5.000 Spiller goufen an d’Spill implementéiert. Doriwwer eraus kann d’Spill mat richtege Sponsor- a Marketing-Nimm iwwerzeegen, soudatt een originalgetreit Tenniserliefnis garantéiert ass. Ausserdeem kann een am Spill an all Roll vun enger richteger Tennis-Akademie klammen, soudatt een d‘Fonctionne vum Tresorier, Sekretär, Manager, Coach an den diversen Traineren iwwerhuele kann an domat d’Entwécklung vun der Akademie aktiv beaflosse kann.

Am Spill ass een deemno staark beschäftegt. Et ginn nämlech ëmmer nach Méiglechkeete méi aus senger Akademie erauszehuelen, sief et duerch en gudden Ëmgang mat der Press, dem Ausbaue vun der Infrastruktur, dem Ariichte vu medezineschen Ariichtungen oder duerch d’Astelle vum richtege Personal. Den Tennis Manager 2021 stellt soumat eng gutt Alternativ um grousse Simulatiouns-Marché duer an dierft wuel en Must Have fir all Tennis-Fan sinn.

Wann Dir elo Loscht hutt eng eegen Akademie ze grënnen an Iech an der Tennis-Welt ënner Beweis stelle wëllt, da beäntwert ons folgend Fro richteg a schonn hutt Dir d’Méiglechkeet een Download-Code fir d’Spill um PC ze gewannen.