Virun 10 Joer gouf a Südkorea ee Gesetz agefouert, dat et Kanner verbueden huet, an der Nuecht Videospiller ze spillen. Geschwënn ass domat awer Schluss.

Teenager ënner 16 a Kanner a Südkorea wäerte sech freeën: Vum 1. Januar un gëtt d'Gesetz, dat et hinne verbueden huet, an der Nuecht Videospiller ze spillen, nees opgehuewen. Virun 10 Joer war déi ëmstridden "Shutdown-Reegelung" agefouert ginn, fir d'Gefor vu Spillsucht bei Kanner ze miniméieren. Si gëllt fir den Ament nach all Nuecht tëscht Mëtternuecht a 6 Auer.

Dat südkoreanescht Parlament hätt den Donneschdeg fir eng d'Ännerung vum Jugendschutzgesetz gestëmmt, esou den ëffentlech-rechtlechen Tëleessender KBS a Südkorea. Datt déi Reegelung sollt opgehuewe ginn, war usech schonn zanter méi laangem geplangt, och well mat Handspiller an aneren Apps ëmmer méi Zweiwel un der Wierksamkeet vun der Restriktioun opkoumen. Kritiker hunn zudeems d'Argument bruecht, d'Gaming-Community wier duerch de Verbuet "dämoniséiert" ginn.

A China geet d'Legislativ allerdéngs den anere Wee. Do gouf grad eréischt am Summer vun dësem Joer een neit Gesetz erlooss, duerch dat Mineure just nach vu freides bis sonndes fir jeeweils eng Stonn laang gamen dierfen. Tëscht Méindeg an Donneschdeg dierfen si also guer keng Spiller méi spillen. Peking huet dëse Schrëtt domat begrënnt, datt d'Zuel vun de Mannerjäregen, déi mat enger Spillsucht an de Spideeler behandelt ginn, an de leschte Joren däitlech geklomme wier.