Déi japanesch Videospill-Entreprise Nintendo kann an dësem Joer net un de finanziellen Erfolleg vum Corona-Joer 2020 uschléissen.

Trotzdeem geet et der Firma esou gutt wéi nach ni virdrun an der ganzer Geschicht! Konnt d'lescht Joer den Nettogewënn vun Nintendo nach em 243,6 Prozent klammen, esou ass en dëst Joer em 19,4 Prozent gefall. Dëst entsprécht allerdéngs ëmmer nach engem Gewënn vu ronn 171,83 Milliarde Yen, wat ëmgerechent 1,3 Milliarden Euro entsprécht. Doriwwer eraus léien d'Prognose beim japanesche Videospillgigant fir de Nettogewënn am nächste Fiskal-Joer bei 350 Milliarde Yen, wat duerchaus positiv an d'Zukunft blécke léisst. Ënnerstëtzen dinn d'Japaner hir Prognos duerch hir sëllegen néi Spiller an Hardware, déi si elo viru kuerzem oder an der Zukunft nach op de Marché brénge wëllen. Esou erhoffen si sech, datt Spiller wéi Metroid Dread, Mario Party Superstars, Pikmin Bloom oder och déi néi Hardware d'Nintendo Switch OLED gutt bei de Leit ukomme wäerten a fir eng däitlech Ëmsaz-Steigerung suerge wäerten.

En néien Hype erhofft een sech iwwerdeems beim néien Update fir Animal Crossing wat kierzlech verëffentlecht gouf. Ëmmerhin ass Animal Crossing: New Horizons haaptverantwortlech fir de Gewënn vun der Entreprise am Joer 2020. Nintendo erhofft sech duerch d'Versuerge vun hirem Steckenpäerd mat néien Updates en néien "Rush" op d'Spill an domat erneit en finanziellen Erfolleg fir d'Entreprise.

Eenzeg an eleng d'Kris em déi sougenannten Halbleiter kéint Nintendo nach en Stréch duerch hir Kalkulatioune maachen. Des Kris wier nämlech responsabel fir Produktiounsengpäss beim néien Nintendo Switch Modell an si kéint sech och nach op d'Software-Produktioun auswierken, soudatt dëse Punkt en staarken Afloss op dat kommend Joer kéint hunn.

Wat sot Dir? Kann sech d'Videospill-Industrie weiderhin op gutt Ëmsätz astellen oder wäert dësen Trend och eng Kéier zréckgoen? Loosst eis et wéi ëmmer wëssen.