All Woch verëffentlecht EA Sports an de FIFA-Spiller eng sougenannten Ekipp vun der Woch mat deene beschte Spiller.

Des Spiller vun der Woch kréien dann eng verbessert Versioun vun sech am Spill bereet gestallt. Des Woch huet sech fir d'éischt Kéier a FIFA 22 en Lëtzebuerger an des Ekipp erageschlach. Riets ass dobäi vum Gerson Rodrigues.

Verdéngt huet sech de Gerson Rodrigues des Kaart doduerch datt hien am Match géint den Aserbaidschan zwee Goler geschoss huet, eng Virlag gemaach huet an hien och nach vun Uefa- a FIFA-Offiziellen zum Man of the Match gewielt gouf. Den Upgrade, deen de Lëtzebuerger vun EA Sports erhalen huet ass iwwerdeems immens. Seng ursprénglech Gesamtstäerkt läit bei 72. Op senger Inform-Kaart krut de Rodrigues allerdéngs eng 79 spendéiert, wat en Surplus vun insgesamt 7 Punkten an der Stäerkt duerstellt. Insgeheim gëtt dem Gerson Rodrigues seng Kaart domat als eng vun deene stäerkste Sëlwer-Kaarten am Spill ageschat.

RTL

© FIFA

Et ass allerdéngs net déi éischten Inform-Kaart, déi de Rodrigues vun EA Sports spendéiert kritt. Schonns a FIFA 21 krut de Gerson Rodrigues, deemools nach mat enger 76, eng Inform-Kaart wéinst senge gudde Leeschtungen zougesprach. Insgesamt kruten d'Lëtzebuerger vun EA Sports bis ewell ganzer sechs Mol eng speziell Kaart spendéiert. Deen éischte Lëtzebuerger, deen eng speziell Kaart krut, war de Maxime Chanot a FIFA 15. Am Spill FIFA 17 krute souwuel de Maxime Chanot, wéi och de Chris Philipps eng Inform-Kaart spendéiert. Op FIFA 20 war et dunn de Christopher Martins, dee mat enger oranger Man-Of-The-Match-Kaart, eng speziell Kaart vun EA Sport spendéiert krut. De Schluss maachen dann déi zwou Kaarte vum Gerson Rodrigues an de Spiller FIFA 21 a FIFA 22.

Fir d'rout Léiwe leeft deemno net nëmmen an der Realitéit villes richteg, mä och an der digitaler Welt vum Futtball kënnen se sech lues awer sécher en Numm maachen.