De Golden Joystick Award gëllt an der Gaming-Industrie als ee vun deene wichtegsten a bedeitenden Awards iwwerhaapt.

D'Joer 2021 geet esou lues awer sécher op en Enn zou an déi verschiddenst Éierunge spréisse wéi all Joer op en Néits aus dem Buedem. Esou goufe viru kuerzem beim Golden Joystick Award déi beschte Videospiller aus dem Joer 2021 geéiert an ernimmt.

De Golden Joystick Award gëllt an der Industrie iwwerdeems als ee vun deene wichtegsten a bedeitenden Awards, déi een sech séchere kann. Dëst opgrond vun der Renommée als zweeteelste Präisverdeelung an der Gaming-Branche a well dëse Präis souwuel vun Experten, wéi och vun de Konsumente bestëmmt gëtt. Esou huet d'Industrie d'Méiglechkeet souwuel d'Meenunge vum Marché, wéi och vun den Experte matgedeelt ze kréien.

Am meeschte Präisser ofgeraumt huet dëst Joer d'Spill Resident Evil Village vu Capcom. Ganzer véier Auszeechnunge konnt d'Spill vun der japanescher Videospillentreprise ofraumen. Esou konnt Resident Evil och de Präis vum Spill vum Joer fir sech entscheeden. Mä fir dat beschte Spill vun allen Zäite sollt et allerdéngs net duergoen. Dëse Präis goung un de japaneschen Entwéckler From Software an un hiert Spill Dark Souls, wat dësen Titel elo fir ëmmer droen dierf.

Eng komplett Lëscht vun de Gewënner

  • Best Storytelling - Life is Strange: True Colors
  • Best Multiplayer Game - It Takes Two
  • Best Audio - Resident Evil: Village
  • Best Visual Design - Ratchet and Clank: Rift Apart
  • Best Game Expansion - Ghost of Tsushima: Iki Island Expansion
  • Mobile Game of the Year - League of Legends: Wild Rift
  • Best Gaming Hardware - PlayStation 5
  • Best Indie Game - Death's Door
  • Studio of the Year - Capcom
  • Best Performer - Maggie Robertson (Lady Dimitrescu)
  • Breakthrough Award - Housemarque
  • Best Game Community - Final Fantasy 14
  • Still Playing Award - Final Fantasy 14
  • PC Game of the Year - Hitman 3
  • Nintendo Game of the Year - Metroid Dread
  • Xbox Game of the Year - Psychonauts 2
  • PlayStation Game of the Year - Resident Evil Village
  • Most Wanted Game - Elden Ring
  • Critics Choice Award - Deathloop
  • Ultimate Game of the Year - Resident Evil Village
  • Ultimate Hardware of All Time - PC
  • Ultimate Game of All Time - Dark Souls

Wéi gesitt Dir des Lëscht? Wéi ee Spill ass fir Iech d'Spill vum Joer? Loosst eis et mat engem Kommentar wëssen!