Säitdeem de Gameboy Colour am Joer 1998 verëffentlecht gouf, si ganzer 912 Spiller fir den Handheld erauskomm.

Dat leschte Spill ass iwwerdeems am Joer 2003 op de Marché komm. Mä am Joer 2022 wäert sech dëse Fait elo änneren. Limited Run Games huet elo decidéiert en Spill, wat am Joer 2001 fir de Gameboy Colour verëffentlecht gouf, an enger néier Editioun fir den alen Handheld erauszebréngen. Riets ass dobäi vum Spill Toki Tori. Bei Toki Tori handelt et sech em en Puzzle-Videospill mat Jump-'n'-Run-Elementer bei deem de Spiller ee Jippelche stéiert a probéiert an iwwer 80 Levelen dem Jippelchen seng Bridder a Schwësteren ze retten. Konnt deemools d'Spill kee grousse Succès genéissen esou konnt den Nofollger, deen am Joer 2013 verëffentlecht gouf, Toki Tori 2 am Nintendo E-Shop grouss finanziell Erfolleger feieren. Dowéinst ass ee bei Limited Run Games op d'Iddi komm, de neie Fans d'Méiglechkeet ze ginn sech dat alt Spill a physescher Form fir den ale Gameboy Colour kafen ze kënnen.

Bis zum 9. Januar 2022 ass et elo méiglech sech fir 39,99 US-Dollar d'Spill op der offizieller Säit vum Publisher virzebestellen. An fir 5 Dollar méi kann een sech iwwerdeems de Soundtrack vum Spill matbestellen. D'Spill gëtt iwwregens ganz klassesch wéi déi deemoleg Spiller fir de Gameboy Colour geliwwert, spréch an enger Kartongskëscht mat Modul a Beschreiwung.

Wéi fannt Dir des Iddi? Wëllt Dir nach en puer Spiller an enger neier Editioun fir al Konsole verëffentlecht kréien oder fannt Dir esou Tentativen onnéideg? Loosst eis et wéi ëmmer mat engem Kommentar wëssen.