Lass geet et mat engem Spill fir d'Rallye-Fans. Rieds geet vun Dirt 5.

Dirt 5

An dësem Offroad-Rennspill fir d'PS4 a PS5 mussen op iwwer 70 Pisten op all Kéiers 10 verschiddene Plazen mat den ënnerschiddlechsten Autoen gemeeschtert ginn.

De Spiller kritt hei e Story-Mode, e Spiltscreen mat bis zu 4 Spiller an en Online-Mode gebueden. Fir Auto-Fans definitiv e Must!

Deep Rock Galactic

Fans vu First Person Shooteren kréie mat dësem Spill nach nodréiglech e Chrëschtkaddo.

An dësem Koop-FPS fir bis zu 4 Spiller trëtt een an eng Welt vu Weltraum-Zwergen, enger komplett zerstéierbarer Ëmwelt, zoufallsgeneréierten Hielen an endlosen Attacke vun Alien-Monsteren. Genotzt kann d'Spill fir d'Besëtzer vun enger PS4 oder enger PS5 ginn.

Persona 5 Strikers

Hei geet et op eng virtuell Rees a Japan. An der stilistescher Welt vu Persona si Phantom-Raiber op engem geféierleche Roadtrip ënnerwee.

Eng Summervakanz mat gudde Frënn hëlt an dësem Spill eng onerwaarte Richtung. An Action-geluedene Kämpf muss een hei versichen, d'Wourecht an dëser korrupter Welt opzedecken.