
Viru gutt engem Mount huet de Fernseegigant TV Asahi seng Spectateuren opgeruff, op hirer Internetsäit fir hiert favoriséiert Videospill ofzestëmmen.
The Legend of Zelda: Breath of the Wild ass dat beschte Videospill vun allen Zäiten. Zumindest wann een enger rezenter Ëmfro aus Japan Glawe schenken dierf. Viru gutt engem Mount huet de Fernseegigant TV Asahi seng Spectateuren opgeruff, op hirer Internetsäit fir hiert favoriséiert Videospill ofzestëmmen. Dobäi konnt jiddereen dräi Spiller, déi allerdéngs a Japan hunn misse verëffentlecht gi sinn, uginn. Bei iwwert 50.000 Leit, déi alleguer reegelkonform ofgestëmmt hunn, war et dem Sender méiglech eng Top-Lëscht mat ganzen 100 Spiller op d'Been ze stellen.
Hei fannt Dir déi ganz Lëscht:
100. Persona 3
99. Pokémon Platin Edition
98. Persona 4
97. Super Mario World
96. Romance of the Three Kingdoms
95. MOTHER / EarthBound Beginnings
94. Fire Emblem: Genealogy of the Holy War
93. Persona 5 Royal
92. Monster Hunter 4 Ultimate
91. Street Fighter II
90. Final Fantasy VIII
89. Super Mario Galaxy 2
88. The Legend of Zelda: Skyward Sword
87. Monster Hunter Generations Ultimate
86. Monster Hunter
85. Dragon Quest VI: Wandler zwischen den Welten
84. Final Fantasy XI
83. Dragon Quest VII: Fragmente der Vergangenheit
82. Legend of Mana
81. Dragon Quest Builders 2
80. The Legend of Zelda: Majoras Mask
79. Metal Gear Solid
78. Nobunaga’s Ambition: Zenkokuban
77. Mario Kart Wii
76. Kirby Air Ride
75. Animal Crossing: Wild World
74. Super Smash Bros. Brawl
73. Gran Turismo 4
72. Kirby Super Star
71. Dr. Mario
70. Monster Hunter: World
69. Super Mario RPG
68. Pokémon X / Y
67. Bloodborne
66. Ghost of Tsushima
65. Suikoden
64. Pokémon Goldene Edition HeartGold / Silberne Edition SoulSilver
63. Final Fantasy III
62. Xevious
61. Super Smash Bros.
60. Pokémon Schwarze Edition 2 / Weiße Edition 2
59. Dead by Daylight
58. Animal Crossing
57. Donkey Kong Country
56. Super Mario Galaxy
55. Yo-kai Watch 2: Bony Spirits / Fleshy Souls / Psychic Specters
54. Dragon Quest VIII: Die Reise des verwunschenen Königs
53. Tales of the Abyss
52. The Legend of Zelda
51. Final Fantasy IV
50. Pokémon Rubin-Edition / Saphir-Edition
49. Kingdom Hearts (bald als Cloud-Version verfügbar)
48. NieR: Automata
47. Final Fantasy XIV
46. Dragon Quest II: Luminaries of the Legendary Line
45. Kirby's Adventure Wii
44. Dragon Quest X: Rise of the Five Tribes Online
43. Xenoblade Chronicles
42. Persona 5
41. Momotaro Dentetsu: Showa Heisei Reiwa mo Teiban!
40. Xenogears
39. Dark Souls III
38. Puyo Puyo
37. Final Fantasy IX
36. Pokémon Goldene Edition / Silberne Edition
35. Xenoblade Chronicles 2
34. Final Fantasy V
33. Final Fantasy VI
32. Biohazard
31. Tactics Ogre
30. Apex Legends
29. Okami
28. MOTHER 2
27. Dragon Quest XI: Echoes of an Elusive Age
26. Pokémon Schwarz / Weiß
25. Tetris
24. Pokémon Rote Edition / (Grüne Edition) / Blaue Edition
23. Fire Emblem: Three Houses
22. Animal Crossing: New Leaf
21. Splatoon
20. Minecraft
19. Suikoden II
18. Metal Gear Solid 3: Snake Eater
17. The Legend of Zelda: Ocarina of Time
16. Kingdom Hearts II (bald als Cloud-Version verfügbar)
15. Dragon Quest IV: Die Chronik der Erkorenen
14. Pokémon Schwert / Schild
13. UNDERTALE
12. Super Mario Kart
11. Pokémon Diamant-Edition / Perl-Edition
10. Super Mario Bros. 3
9. Final Fantasy X
8. Chrono Trigger
7. Super Smash Bros. Ultimate
6. Dragon Quest III: Die Saat der Erlösung
5. Splatoon 2
4. Animal Crossing: New Horizons
3. Final Fantasy VII
2. Dragon Quest V: Die Hand der Himmelsbraut
1. The Legend of Zelda: Breath of the Wild
Natierlech muss een des Lëscht relativéieren. Et handelt sech heibäi em eng reng subjektiv Lëscht, déi villäicht d'japanesch Meenung am grousse Ganze gutt erëmgëtt, allerdéngs sécher net d'Meenung vum europäeschen oder amerikanesche Kontinent.
Et gëtt nämlech an der Gaming-Branche ugeholl, datt d'Japaner an d'Japanerinnen en zimmlech exklusive Goût hunn, wat Videospiller betrëfft. Esou sinn a Japan beispillsweis Spill-Genrë beléift, déi an Europa a kenger Top 100 Lëscht erëmzefanne wieren. Iwwerdeems fält op, datt an den Top 20 extrem vill Nintendo Titele sinn. Dëst wier an Amerika an an Europa och anescht. Dat well Sony an deene Regiounen de Marché zu groussen Deeler dominéiert an Nintendo sech réischt an deene leschte Jore mat der Nintendo Switch um Marché etabléiere konnt. Iwwerdeems fanne sech vill rezent verëffentlecht Videospiller an dëser Lëscht erëm. Dëst ass e ganz natierleche Phänomen, esou bléiwen engem dach déi rezent Evenementer besser am Kapp hänken, wéi eppes wat an der Vergaangenheet läit.
Allerdéngs, an do sinn sech och d'Experte sécher, géife sech vill vun dësen uewe genannte Spiller och an enger europäescher oder amerikanescher Lëscht erëmfannen.
Wat sot Dir zu dëser Lëscht? Sidd Dir domat d'Accord oder géif är Lëscht komplett anescht ausgesinn? Loosst eis et wëssen mat engem Commentaire!