Genee wéi 2021 wäert och dëst Joer déi gréisste Foire fir Videospiller net sur place zu Los Angeles stattfannen, mä online.

D'Entertainment Software Association (ESA) huet sech fréizäiteg dozou decidéiert, d'Foire nees ausschliisslech per Livestream z'organiséieren. D'Halen zu LA bleiwen dohier nees leider zou.

2020 war d'E3 komplett annuléiert ginn, 2021 koum dann déi éischte Kéier wéinst der Pandemie en Online-Konzept. Detailer fir d'Editioun 2022 sollen am Laf vum Joer kommen.
D'E3 ass DEN Treffpunkt fir déi grouss Software-Entwéckler, Gaming-Giganten an Hardware-Entreprisen an der Branche an natierlech d'Fans vu Videospiller an Technik. Hei ginn Joer fir Joer déi grouss Titelen aus der Gaming-Branche dacks fir déi éischte Kéier exklusiv presentéiert.

Iwwregens huet och déi däitsch Gamescom an der Vergaangenheet missten op en Online-Konzept zeréckgräifen an ass dohier änlech wéi d'E3 ofgelaf.

D'E3 ass ëmmer traditionell am Juni, e geneeën Datum steet allerdéngs nach net fest.