Mat relativ héijen Erwaardungen a Spannung, kënnt dat neit Kaze-Spill vu BlueTwelve Studio dës Woch eraus. Mir hunn et am Virfeld schonn emol ugetest.

D'Viraussetzunge fir dat neit Spill vu BlueTwelve Studio an Annapourna si gutt am Moment. 2022 ass en éischter méi dréchent Joer, wat nei Spiller betrëfft a si mer mol éierlech - d'Welt huet op en Open-World-Kaze-Cyberpunk-Spill gewaart. Iwwer 7 Joer ass d'Spill an der Entwécklung gewiescht, vill Zäit fir en Hype ëm "Stray" opzebauen. En Dënschdeg kënnt d'Spill eraus a mir hunn et scho mol am Virfeld duerften unzocken.

RTL

© Annapurna Interactive/BlueTwelve Studio

An hei ass den éischten Androck no ronn 5 Stonne Spillzäit duerchaus positiv. A Stray steiert een eng Kaz, déi ufanks mat enger Partie anerer Kazen duerch d'Géigend zéien an dem Spiller eng dystopesch Zukunftswelt weisen. Ma net vir all ze laang, well knapps huet ee sech un d'Steierung vum Déier gewinnt, stécht een op eemol, ouni et ze wëllen, an enger, wéi et schéngt, vergiessener Cyberstad, déi komplett isoléiert ass an aus där et heescht nees erauszekommen. Hëllef kritt een dobäi vun enger Partie "Bewunner" vun dëser Stad an natierlech vum B-12, engem klenge Roboter, deen sech mat eiser Kaz ufrënnt an hien op Patt an Trëtt begleet an och hëlleft. Dëst ass souzesoen déi verlängert Patt vum Deier, déi sech wéi gesot wéi eng richteg Kaz verhält an dowéinst och heiansdo Hëllef brauch.

An hei wäre mer och scho beim Kär vum Spill an zäitgläich beim staarke Plus vu Stray. Sou banal et och kléngt, ma de Fakt, dass een effektiv d'Gefill huet, eng reell Kaz am Spill ze steieren, mécht d'Spill zu engem ganz erfrëschenden an interessanten Erliefnis. D'Steierung vun Charakter ass nämlech extrem einfach gehalen an och d'Iwwersiicht um Bildschierm hält sech, am Verglach zu anere Third-Person-Spiller hei a Grenzen. An dat passt och einfach zum Spill.

Stray ass definitiv e Spill, mat deem een sech mat der Kaz, der Ëmwelt an där ee sech beweegt an den Interaktiounen déi méiglech sinn, beschäftege muss... an och beschäftege wëll. D'Léift zum Detail an dësem Spill, a virun allem d'Léift an d'Hausdéier Kaz, mat deem d'Mënsche jo eng ganz speziell Verbindung hunn, ass net z'iwwersinn a bréngt een méi wéi eemol zum schmunzelen.

RTL

© Annapurna Interactive/BlueTwelve Studio

D'Cyberstad am Spill, an där een op eemol gefaangen ass an aus där een eraus wëll, luet reegelrecht dozou an, mat senger Kaz op Diecher ze kloteren, duerch kleng Ëffnungen a Wunnengen a Gebaier eranzeschläichen an d'Cyberwelt z'erfuerschen a kennenzeléieren. Niewent der Kaz selwer, gouf vun den Entwéckler nämlech vill Wäert op de Look vun der Stad a senge Bewunner geluecht. Praktesch all nach sou klenge Virsprong, Ventilator, Gelänner oder Stull, bidden eng Méiglechkeet vun enger Plaz op déi aner ze kloteren oder ze sprangen. Et muss ee bedenken, dass een eng Kaz ass... also méi kleng, flénk, kraaftvoll a séier wéi e Mënsch et ass. An dat bitt natierlech vill Aart a Weisen, sech a senger Welt weiderzebeweegen a mat senger Ëmwelt z'interagéieren.

Majo et heescht awer oppassen, well niewent de Roboteren, déi an dëser ruppeger Cyberpunk-Welt liewen, sinn och net sou friddlech, Raten-änlech Wiesen an der Stad a probéieren alles wat sech beweegt z'attackéieren an ze terroriséieren. Si sinn och ee vun de Grënn, wisou d'Bewunner aus der anticker Cyberstad net fort kënnen, ma et ass awer net deen eenzegen... Et ass un enger Kaz an engem klenge Roboter-Companion, fir d'Rätsele vun dëser Plaz ze léisen an e Wee nees an d'Uewerwelt ze fannen.

RTL

© Annapurna Interactive/BlueTwelve Studio

Stray huet direkt no den éischte Sekonnen am Spill iwwerzeegt, den Hype ass an dësem Fall definitiv erfëllt gi vun den Entwéckler, déi hei souwuel fir de Kaze-Fan, wéi och fir de Gamer e Spill entwéckelt hunn, dat et esou an där Approche nach net wierklech gouf. D'Ëmsetzung vun enger realistescher Kaz an engem Videospill, dat sech an enger Cyberpunk-Welt ofspillt, ass genial gelongen an ass och dat, wat d'Spill zu engem mëttelgrousse Bijou mécht. D'Steierung fill sech natierlech un, et gëtt een net mat engem risegen Inventar an Avatar erschloen, mat et konzentréiert een sech wierklech op d'Kaz, wat eng Kaz alles iwwerraschenderweis kann a wéi se mat hirem Entourage an Interaktioun triede kann.

Eis huet d'Spill extrem gutt gefall, dat virun allem wéinst de villen Detailer an der Léift zu dësem Projet, déi een einfach spiert. Ech konnt d'Manette op alle Fall nëmme ganz schwéier ewechleeën, well et einfach dozou animéiert, d'Welt weider z'erfuerschen an erauszefannen, wéi eng Charakteren een trëfft, a wéi déi een e Schratt weider kéinte bréngen, fir d'Rätsel vun dëse Stad ze knacken. Eng kloer Recommandatioun fir dëse Gaming-Summer a kritt och dofir vun eis eng 8,5/10 nom éischten Androck.

D'Spill kënnt wéi gesot en Dënschdeg fir de Public eraus, hei wäerte mir och nach eemol eng méi detailléiert Analys vun der Steierung vun der Kaz a Stray presentéieren.

RTL

© Annapurna Interactive/BlueTwelve Studio