D'Spill Stray, dat den 19. Juli erauskomm ass, erfreet sech grousser Beléiftheet, dat wéinst der Kombi aus Kaze-Simulator an Neon-Cyberpunk-Entourage...

Bei Stray handelt et sech ëm en Open-Map-Adventure gekräizt mat Rätselen an e wéineg Plattforming. D'Steierung ass hei eng ganz speziell an anescht wéi een sech dat ufanks denk a verschidde Kritiker och erwënscht haten.

D'Kaz léisst sech zwar mam Kontroll-Stick steieren, ma d'Sprange mat der X-Tast funktionéiert anescht, wéi een et gewinnt ass. Et kritt een nämlech op deene Plazen, op déi e sprangen oder klotere kann en "X" ugewisen an et muss een sech dann entscheeden a wéi eng Richtung ee spréngt. D'Sprange selwer leeft hei automatesch of. Natierlech gëtt domadder d'Fräiheet massiv ageschränkt, ma de Realismus bleift awer duerch déi flësseg Sprong- a Kloter-Sequenzen erhalen. Well vill Wäert op de Look an d'Atmosphär vum Spill geluecht gouf, ass et hei kloer de richtege Choix gewiescht, manner Fräiheet an dofir awer méi Realismus anzesetzen.

RTL

© Annapurna Interactive/BlueTwelve Studio

Dobäi kënnt, dass et deelweis trotzdeem extrem tricky ass, de richtege Wee ze fannen, fir bei dat nächsten Zil, den nächsten Tuerm, Daach oder Fënster ze kloteren. Op der anerer Säit ass d'Méiglechkeet u Weeër grouss, sou dass et net nëmmen 1 Wee gëtt, fir Passagen z'iwwerwannen. Virun allem am Ufank vum Spill, also der Ënnerwelt, kann een hei vill a laang Stad exploitéieren an nei Weeër fannen.

E weider wichteg Element ass natierlech d'Kooperatioun an d'Interaktioun mat senger Ëmwelt a mat de Roboter-Bewunner, déi engem dacks hëllefen oder Informatioune ginn. Hei kann een vu senger Stäerkt als séiss kleng Kaz profitéieren a verschidde Roboter ëm de Fanger wéckelen. An anere Situatioune muss een emol eng Këscht erofgeheien oder e Riddo erofzéien, fir esou am Spill weider ze kommen. Hei stécht virun allem ervir, wéi realitéitstrei een hei bei de Beweegungen an dem Verhalen vun der Kaz bliwwen ass an sou eng speziell an authentesch Experienz dem Gamer liwwert. Heiansdo verléiert een sech och richteg an der Stad, wat awer duerch dee grellen an interessanten Neon-Luuchte-Look vun der Cyberpunk-Stad net wierklech schlëmm ass.

RTL

© Annapurna Interactive/BlueTwelve Studio

Och de B-12, de klenge Roboter dee stänneg op der Säit vun eisem Kaze-Frënd ass, erweist sech am Spill als wichtege Partner, virun allem fir an der Welt kënnen z'interagéieren. Muss emol e Computer gehat ginn oder eng Kontroll-Paart opgemaach ginn, kann eng Kaz dacks net méi wierklech hëllefen. Sief et eng Täscheluucht, eng Waff géint Géigner oder och nach eng Iwwersiicht vun Objeten déi een huet... De B-12 ass onerlässleg fir d'Rätselen an dësem Spill kënnen ze léisen.

D'Spill ass wéi gesot zënter en Dënschdeg eraus, dat fir all Plattformen.

RTL

© Annapurna Interactive/BlueTwelve Studio