Am Joer 1993 ass den éischte FIFA-Deel mam Spill FIFA International Soccer op de Marché komm. Zënterhier ass all Joers en neit FIFA-Spill erauskomm.

Dëst Joer ass allerdéngs fir eng méi laang Zäitchen de leschte FIFA-Deel erauskomm. Dat bedeit awer net, datt d'nächst Joer keng Futtball-Simulatioun vun EA méi op de Marché kënnt. EA an d'FIFA haten am Joer 2021 e puer Differenzen, wou et dorëms gaangen ass, fir de Verkaf vun der Lizenz fir den Numm vum Spill nees nei ze verhandelen. Rumeuren no wollt d'FIFA ze vill Suen hunn, wouropper EA gesot huet, datt si den Numm vum Spill vun 2023 un an EA Sports FC ëmdeefe wäerten. Esou hätt een och elo méi Méiglechkeeten EA-Kooperatioune mat Marke wéi Adidas oder Nike anzegoen, wat d'FIFA grondsätzlech verbueden hätt, heescht et vum EA-Chef Andrew Wilson. Dobäi betount hien, datt een och ouni FIFA bal all Lizenze behale wäert, soudatt d'Fans vun der Futtball-Simulatioun och an den nächste Joren mat hire Liblingsekippen a Spiller zocke kënnen. Esou geet et fir déi beléifte Simulatioun och d'nächst Joer weider, mä just ënnert engem aneren Numm.

Mä wéi gutt ass den neien an och leschten offizielle Fifa-Ofleeër? An dësem klengen Test fanne mir dat zesummen eraus!

Gameplay

A Saache Gameplay ass d'Spill esou onspektakulär wéi an de Jore virdrun. Dëst bedeit awer net, datt de Gameplay schlecht ass, ganz am Géigendeel. Allerdéngs wäerte Casual-Spiller vum neie FIFA-Spill keng grouss Ënnerscheeder zu de Virgänger ausmaache kënnen. De Gameplay ass zolidd an onser Meenung ëmmer nach dee beschte vun all de Futtball-Simulatiounen, déi den Ament um Marché sinn. Natierlech huet EA probéiert e puer Saachen um Gameplay ze veränneren.

Esou goufe wärend engem Match d'Flanken nees verstäerkt, spréch et ass elo nees méiglech méi Goler no Flanken oder Corneren ze schéissen. Weider goufen d'Fräistéiss an d'Eelefmetere verännert, soudatt dës e bësse méi usprochsvoll an der Ausféierung gi sinn. Allerdéngs huet een dëst och als net geüübte FIFA-Spiller an e puer Stonne rausfonnt a maîtriséiert. Weider huet EA de sougenannte "Power Shot" am Spill implementéiert, deen et de Spiller erméiglecht, bei enger richteger Tastekombinatioun e fulminante Schoss a Richtung géigneresche Gol ze schéissen. Dobäi sinn dës Schëss, déi, wa se richteg agesat ginn, bal ëmmer zu engem Gol féieren, schwiereg auszeféieren, well se manuell gestéiert ginn. Dowéinst muss een dës Schëss üben, wann een net wëll, datt seng Schëss an der zweeter Rei oder esouguer baussent dem Stadion landen. Weider gëtt et fir d'Defense och nach en neie Feature. Dësen nennt sech "Hard Tackle" an domadder kënne Spiller nach méi aggressiv an den Zweekampf goen. Am grousse Ganzen huet een als Spiller och d'Impressioun, datt d'Spill net méi esou onrealistesch ass an datt alles méi usprochsvoll ginn ass, wat duerchaus z'iwwerzeege weess. Deemno huet EA un de Kriticke vum leschte Joer geschafft, déi gesot hunn, datt d'Spill ze séier wier an datt et e bësse méi schwéierfälleg misst ginn.

Doriwwer eraus goufen esouwuel an de Matcher, souwéi och an den ënnerschiddleche Modi, wéi der Spillerkarriär oder der Trainerkarriär, nei Animatiounen derbäigemaach. Esou gesäit een elo beispillsweis wann an enger Karriär en nei transferéierte Spiller de Medizin-Check absolvéiert oder wann e Spiller, dee vum Veräi verkaaft gouf, dem Trainer Äddie soe kënnt. Dës si wierklech gutt gelongen a maachen d'Karriär, wéi och de klassesche Match méi lieweg. Allerdéngs widderhuele sech dës Animatioune relativ séier, soudatt een no e puer Stonnen d'Animatioune quasi direkt iwwerspréngt. An dëser Hisiicht bléift EA de Fans nach Villes schëlleg.

Och am Modus "Ultimate Team" goufen et e puer kleng Ännerungen. Dës betreffe virun allem de sougenannte Chimie-System, op deen een ëmmer huet missen oppassen, wann ee seng Ekipp an dësem Modus mat Futtballspiller zesummegestallt huet. Dëse System gouf EA no vereinfacht, soudatt d'Spiller elo méi Méiglechkeeten hunn, fir hir Liblingsekipp zesummestellen ze kënnen. Ob dëse System allerdéngs besser ass, wéi deen alen, bléift nach ofzewaarden. Dëst wäert sech iwwert d'Joer weisen, wann ëmmer méi Kaarte mat Futtballspiller op Ultimate Team verëffentlecht ginn.

Lizenzen

Lizenze kommen a Lizenze ginn. Esou war et nach ëmmer an der Geschicht vu FIFA an esou wäert et warscheinlech och ëmmer bléiwen. Dëst Joer ass beispillsweis aus Piemonte Calcio nees Juventus Turin ginn, déi och nees an hirem richtege Stadion spillen. Weider ass d'Serie B nees komplett am Spill lizenzéiert an och de Veräi vum Ryan Reynolds den AFC Wrexham huet et nees an d'Spill gepackt. Ausserdeem soll am nächste Mount en Update verëffentlecht ginn, deen de WM-Modus am Spill implementéiert, soudatt d'Spiller d'WM am Katar nospille kënnen. Doriwwer eraus ginn et elo fir déi éischte Kéier an der Geschicht vu FIFA zwou Fraeligen, déi lizenzéiert goufen. Esou sinn déi englesch Women's Super League an déi franséisch Division 1 Féminine am Spill erëmzefannen. Allerdéngs sinn a béiden Divisiounen d'Spillerinnen net ëmmer mat hire Spillergesiichter ze gesinn, wat fir e batteren Nogoût suergt, wann ee bedenkt, datt EA duerch dës zwou Ligen am Spill de Fraefuttball promouvéiere wollt.

Weider ass den italieneschen Top-Veräin aus Neapel net méi mam richtege Logo, mam richtege Stadion a mat de richtegen Trikoten am Spill vertrueden. D'Spiller vum Veräin, déi ëmmer nach voll lizenzéiert sinn, spillen bei FIFA 23 elo fir den Napoli FC. Doriwwer eraus feelen zënter dësem Joer d'Liga MX souwéi J-League am Spill.

Musek

D'Musék am neie FIFA-Deel ass esou villfälteg wéi nach ni virdrun. Esou waarden op d'Fans ganzer 109 Lidder vu méi wéi 100 Interpreten aus 34 Länner, déi an de Menüe souwéi an de Karriäre lafen. Hei ass sécherlech fir all Goût eppes dobäi. Mä och wärend de Matcher huet EA et sech net lompe gelooss an huet e puer Upassunge gemaach. Esou huet bal all Veräin authentesch Fan-Lidder, déi d'Fans am Stadion ustëmmen. Weider hunn et och e puer original Gol-Hymnen an d'Spill gepackt, soudatt een ëmmer méi de Feeling kritt, datt ee grad am richtege Stadion vum jeeweilege Veräi spille géif.

Kritik

Allerdéngs ginn et nach ëmmer vill Baustellen am neie FIFA-Deel. Esou ginn et am Modus vun Ultimate Team eng sëllege Bugs, déi d'Spill den Ament ploen, bezéiungsweis d'Spiller vun den Next-Gen-Konsole bevirdeelegen. Esou huet all Spiller e gewësse Spillertyp vun EA zougeschriwwe krut, well et eeben an der Realitéit och e puer Spillertype ginn. Allerdéngs ass am kompetitive Beräich séier rausfonnt ginn, wéi ee Spillertyp dee beschten am Spill ass. Doriwwer eraus gouf rausfonnt, datt een dësen Typ och ännere kann, allerdéngs nëmmen op den Next-Gen-Konsolen, wat och nach net schlëmm wier, wann et net de Crossplay géif ginn. Esou ka geschéien, datt een, deen d'Spill op der Playstation 4 huet, géint ee Spiller mat der Playstation 5 spillt, deen dëse Virdeel, datt hien d'Spillertypen ännere kann, ausnotze kann, an doduerch deem anere keng Chance léisst, well deen op dësen Trick net zréckgräife kann. Weider waren am Ufank och verschidde Futtballspillerpräisser an Ultimate Team ze héich ugesat, wat de Marché u Kaarte manipuléiert huet a verschidde Spiller bevirdeelegt huet.

Am Meeschte kritiséiert gëtt de Spillmodus "Karriär". Dëse gëtt all Joers duerch eng sëllegen Updaten ënnerstëtzt an och ausgebaut, wat duerchaus z'iwwerzeege weess. Allerdéngs kopéiert EA d'Bugs an d'Feeler, déi am Karriär-Modus sinn, all Joers op en Neits an dat neit Spill, wat bei ville Fans vum Spill de Verdacht confirméiert, datt deen eenzege relevante Modus fir EA den Ultimate-Team-Modus a FIFA ass, well een domadder ebe méi Sue verdénge kann.

Fazit

De Fazit fält, wéi esou oft bei FIFA-Spiller, relativ kuerz aus: FIFA hält all Joers dat, wat et versprécht an och FIFA 23 ass doranner keng Ausnam. FIFA 23 ass nees déi beschte Futtballsimulatioun, déi een um Marché kréie kann. Nach ni war FIFA esou realistesch wéi dëst Joer, nach ni waren esou vill gutt Museksstécker an engem FIFA-Deel wéi dëst Joer an nach ni war d'Atmosphär am Stadion wärend engem Match esou realistesch wéi dëst Joer. Och déi helle Wull u Lizenze maache FIFA 23 eenzegaarteg an droen dozou bäi, datt FIFA fir ëmmer déi beléifte Futtballsimulatioun bléiwe wäert. Mä och de batteren Nogoût ass wéi all Joers nees dobäi. Richteg erfrëschend Updaten, déi de Spillprinzip revolutionéieren, bléiwen aus an och déi sëlleg Kritikpunkte vun de Jore virdru ginn net esou richteg ëmgesat. Virun allem de Spiller vum Karriär-Modus dierft dës sauer opstoussen, esou waarden si schonn zënter fënnef Joer op e richtegt grouss Update vun hirem Liblingsmodus.

Fans vun de Jore virdru komme voll a ganz op hir Käschten an och fir Futtball-Fanatiker ass de Kaf vum neie Spill en absolutte Muss. Fir een deen allerdéngs net zwéngend mat aktuelle Kadere Futtball op der Konsol spille wëll, dee kann och berouegt op FIFA 22 zréckgräifen, wat ee fir däitlech manner Geld an de Butteker fanne wäert.