De Kratos a säi Bouf Atreus si bei "God of War - Ragnarök" nees an Héchstform

© Liv Buckley/Sony Interactive Entertainment
Keng Angscht fir déi Leit, déi d'Spill nach net gespillt hunn, respektiv nach wëlle spillen. An dëser Review wäerten et keng gréisser Spoilere ginn.
Mat God of War Ragnarök huet Sony definitiv nees ofgeliwwert, dat direkt fir ewech. D'Franchise, déi 2005 op der Playstation 2 lancéiert gouf, an zënterhier eng enorm Fanbase opgebaut huet, déi duerch God of War aus dem Joer 2018, dat d'Spillprinzip vun der Serie dramatesch revolutionéiert huet, nëmmen nach méi grouss ginn ass.
D'Fro déi sech natierlech stellt ass, op den 2. Deel, also God of War Ragnarök, un säi Virgänger uknäppe kéint an d'Fans weider bei der Staang hale kann.
Kuerz zu der Story vu God of War (2018), déi ee muss kennen, fir d'Handlung am 2. Deel kënnen nozevollzéien: 3 Joer sinn et hier, zënter den Evenementer vum 1. Deel. Hei hunn de Kratos a säi Bouf den Atreus den héchste Bierg vu Jötunheim eropgeklomme sinn an d'Prophezeiung kruten, dass den Doud vum Kratos net z'evitéiere wier. Fir d'Erënnerungen un den 1. Deel e wéineg opzefrëschen, huet Sony och e klenge Recap an den Haaptmenü vum Spill gesat. Dëst geet allerdéngs net duer, fir alles ze verstoen, et muss een d'Spill effektiv gespillt hunn, fir an de volle Genoss vum Spill ze kommen an et ze verstoen.

© Liv Buckley/Sony Interactive Entertainment
Den 2. Deel knäppt dann och wierklech direkt un den 1. Deel un, sou dass ee praktesch nees komplett dran ass. Domadder awer genuch vun der Story, well et bal onméiglech ass heiriwwer nach vill ze soen, ouni ze spoileren.
No 20 Stonne Spillzäit kënne mer awer soen, dass d'Spill en absolutte Genoss ass, fir Fans vu gudder Grafik. Et weist einfach däitlech, wat fir e Sprong et vun der Playstation 4 op d'Playstation 5 ass. Et kann ee souguer astellen, wéi eng Leeschtung ee wéilt hunn, fir sou, jee nodeem wéi gutt engem säi Fernsee ass, de Maximum aus dem Spill eraushuele kann. Punkto Grafik ass also wierklech näischt ze meckeren, am Contraire, et ass wuel grafesch gesinn dat Spill, dat am Moment am meeschte Reklamm fir d'PS5 mécht. Virun allem muss een hei bedenken, dass d'Spill e Cross-Gen-Spill ass, dat also souwuel op der PS5, wéi och op der PS4 soll funktionéieren.

© Liv Buckley/Sony Interactive Entertainment
Domadder kéime mer dann direkt bei d'Dialogen, déi och dës Kéier nees méi wéi gutt sinn. D'Aarbecht an d'Léift déi hei ragestach goufen, ass wierklech deels eenzegaarteg, et mierkt ee richteg, dass d'Voice-Acteuren sech hei all Méi ginn hunn, wat enorm zu der Story bäidréit an z'iwwerzeege weess.
Dat wat d'Spill awer wierklech ervirhieft ass de Gameplay, an där massiv bei de Kämpf uerdentlech aus de Feeler (wann een dat iwwerhaapt sou nenne kann) geléiert huet. Et ass nach eemol méi Strategie an de Kämpf, et muss een sech also wierklech iwwerleeën heiansdo, wéi een e Géigner ugeet a wat déi cleversten Taktik ass, fir géint seng Géigner ze bestoen. Virun allem d'Boss-Kämpf verlaangen dëst vun de Spiller of, well se soss deelweis nëmme schwéier ze packe sinn. Wéini setzt ee säi Rage an, deen engem och Liewe bäi gëtt? Wéi eng Waff soll ee benotzen? Wéi setzt een seng AI-Matspiller an, wéi eng Feiler benotzt een? An sou weider... Och den Atreus dréit méi zum Spill bäi, wéi nach am Deel virdrun. Wéi dat genee ausgesäit, muss der da selwer testen...
Awer och déi aner wichteg Elementer vum Spill si weider dobäi, nämlech d'Rätselen an d'Klammen, déi een och ëmmer nees bei der Staang halen. Net nëmme sinn dës Elementer dat, wat God of War ausmécht, ma et ass och eng perfekt Ofwiesslung zu der Gewalt an de Kämpf am Spill.

© Liv Buckley/Sony Interactive Entertainment
Eenzeg Kritik um Spill, an dat ass wuel dat, wat vill Leit séier mierke wäerten, ass, dass Sony hei bei hirer Franchise d'Rad net nach eemol nei erfënnt... Dëst gouf nämlech 2018 gemaach, an den 2. Deel soll jo an sech un den 1. Deel uknäppen, wat och genee dat ass, wat hei gemaach gouf. An déi Falen, déi et am 1. Deel eventuell nach gouf, sinn elo bei sengem nordesche Successeur definitiv ausgebiggelt ginn. An dofir ass God of War Ragnarök de perfekten Nofollger vum Spill aus dem Joer 2018, net méi, awer och ganz bestëmmt net manner. Et war vu vir era kloer, dass eng Suitte wäert kommen, an hei huet Sony sech och ganz kloer dru gehalen. Eng gréisser Ännerung vun der Mechanik an dem Setting dierft een sech dann awer fir den nächsten Deel erwaarden.
Bei dësem Deel huet Sony eiser Meenung no absolut ofgeliwwert a God of War Ragnarök ass och verdéngt, mat Elden Ring, e klore Kandidat fir Game of the Year 2022. Mir ginn dem Spill 9.5/10, well et definitiv dat erfëllt, wat erwaart gouf a souguer nach e wéineg méi. Virun allem d'Story, d'Grafik an de Kampfmodus sinn exzellent dës Kéier. D'Spill erfënnt sech net komplett nei, ma dëst gouf och fir dësen Deel net wierklech erwaart, och wann sou muncher een et als klenge Kritikpunkt gesäit, deen allerdéngs net wierklech gerechtfäerdegt ass.

© Liv Buckley/Sony Interactive Entertainment