Kann Tears of the Kingdom sengem erfollegräichen Nofollger d'Waasser reechen? Den David Winter huet d'Spill an de leschten Deeg intensiv gespillt.

Virun iwwer 6 Joer koum "The Legend of Zelda: Breath of the Wild" fir d'Nintendo Switch an och fir d'Wii U eraus an huet sech zimmlech séier als absolutte Meilesteen an der Gamingwelt erausgestallt. D'Awards, d'Auszeechnungen an de Luef fir d'Spill sinn deemools nëmme sou vum Himmel gefall.

D'Erwaardunge fir "The Legend of Zelda: Tears of the Kingdom" waren also vun Ufank un héich. A wierklech eppes grouss geännert gouf op den éischte Bléck net. Eng Partie Elementer, déi bei "Breath of the Wild" am Spill waren, goufen ugepasst, wichteg Neierunge koumen dobäi... Ma am Groussen a Ganze kruten d'Fans dat wat annoncéiert gouf, nämlech eng Suitte, en oppolléierten Nofollger vu Breath of the Wild, ma mat engem gewaltege Plus.

RTL

D'Story vun Tears of the Kingdom spillt eng Partie Joren nom leschten Titel. D'Prinzessin Zelda an de Link sinn ënnert dem Schlass vun Hyrule ënnerwee, fir do eng geféierlech rout Substanz ënnert d'Lupp ze huelen, déi iwwerall ënnert dem Schlass an den Hielen ze fannen ass. Ma hei stoussen déi 2 op eng ural Mumie, déi ënnert de Gemaier vum Schlass läit an nees zum Liewen erwächt an déi 2 direkt attackéiert. Och wann de Link dem Zelda nach hëllefe wëll, déngt alles näischt: Déi béisaarteg Kreatur, déi wuel d'Quell vun der rouder Substanz ass, hieft mat senger onheemlecher Kraaft d'Schlass an d'Luucht a léisst d'Zelda an engem grousse Lach drënner verschwannen. De Link selwer gëtt vun engem mysteriösen Aarm a leschter Sekonn gerett a bréngt hien héich iwwer Hyrule, quasi an de Wolleken, a Sécherheet. D'Missioune stinn natierlech kloer fest: Et geet drëms d'Zelda sou séier wéi méiglech nees erëmzefannen an sech der Gestallt stellen, déi alt nees Hyrule terroriséiere wëll. Kenner vun der Serie dierften natierlech schonn eng Anung hunn, wien dës Gestallt an sech ass.

RTL

Niewent Hyrule ginn et awer och nach 2 aner Niveauen op der Kaart vum Spill, nämlech eng Welt am Himmel, an eng Welt am Ënnergrond. Hei léiert een dann och nei Zivilisatiounen a Personnage kennen, op déi mer awer elo net wëlle méi an den Detail agoen, fir net ze vill vun der Geschicht ze verroden. Ma änlech wéi scho bei Breath of the Wild, ass d'Story zwar scho wichteg fir e Verständnis vun der kompletter Welt ze kréien, ma well d'Spill awer sou oppen ausgeluecht ass, ass se net sou wichteg, wéi dat an anere Spiller de Fall ass. Ma och dëst ass ee vun Virgänger an der Zelda-Serie gewinnt an ass och absolut net als negative Punkt ze verstoen. Zentral ass wéi gewinnt de Kampf tëscht dem Gudden an dem Béisen, eng Richtlinn, déi de Fans och dierft duergoen. Wëll een d'Spill allerdéngs komplett duerchspillen, mat allen Niewequests inclus, kritt ee méi wéi genuch Contenu punkto Story. En plus ass et ouni Guide op der Säit och soss net wierklech ze paken. Et lount sech also, wéi ëmmer, de Gespréicher déi een am Spill féiert, Opmierksamkeet ze schenken. Breath of the Wild muss een iwwregens net onbedéngt gespillt hunn, fir bei Tears of the Kingdom eens ze ginn. Vill Personnagen aus dem Virgänger kommen zwar hei erëm, ma et kritt een awer erkläert, wien dës Personnage sinn.

RTL

Wat den Nofollger awer ganz kloer vum Virgänger ënnerscheet, gëtt een direkt am Ufank gewuer, iert een iwwerhaapt nees zeréck op Hyrule erofgelooss gëtt. De Link kritt nämlech fir seng Aventure ze starten eng speziell Aarm-Konstruktioun, déi et him erméiglecht, ganz nei Fäegkeeten ze hunn an op eng genial Manéier mat senger Ëmgéigend z'interagéieren. Heizou gehéiert d'Fäegkeet Ultrahand, also Objete wéi Brieder, Steng, Bamstämm, Placken, oder ganz Apparater vu wäitem ze gräifen, ze beweegen, ze dréien a virun allem uneneen ze pechen an esou nei Konstruktiounen, Gefierer an Objeten ze bauen. Mat dësem Skill, deen ee wéi gesot direkt an den éischte Stonne vum Spill am Tutorial kritt, ass et dem Link méiglech, déi verschiddensten Erausfuerderungen ze meeschteren. Dobäi kommen dann nach d'Fäegkeet d'Zäit zeréckzedréien ze loossen a fir ouni Problem duerch Plaffongen, déi iwwert dem Link sinn, an d'Héicht ze kommen.

RTL

A genee dëst ass et och, dat Tears of the Wild fundamental vu sengem Virgänger ënnerscheet. Virun allem mat der Ultrahand ginn dem Spiller ganz nei Méiglechkeete gebueden, mat deenen et elo méiglech ass, kreativ ze ginn an héich komplex Maschinnen ze bauen, mat deenen een dann Hyrule onsécher maache kann. Ob Falen, Waffen, Autoen, Fligeren, Haiser, Gebaier a soss méi oder manner komplex Maschinnen a Konstruktiounen... Dem Spiller sinn hei wéineg Grenze gesat, wat och dozou féiert, dass et an deenen allermeeschte Fäll am Spill keng eenzeg Léisung gëtt, ma et der ganz vill ginn. Et ass dem Spiller einfach iwwerlooss, wéi ee beispillsweis iwwert eng breet Schlucht kënnt: Baut een eng Bréck? Oder eventuell e Katapult? Eventuell ass et awer méi sécher mat engem motoriséierte Fliger an eng Ramp op déi aner Säit ze kommen... Dir mierkt, et gëtt kee "Richteg" oder "Falsch" a ville Fäll, ma et muss een einfach probéieren a seng Iddien ëmsetzen, wat dem Spill definitiv eng extrem erfrëschend kreativ Nout gëtt an definitiv net just e blöde Gimmick oder eng bëlleg Kopie vu beispillsweis Minecraft ass.

RTL

Hei hunn d'Entwéckler bei Nintendo sech definitiv eppes afale gelooss, dat der eenzegaarteger Open-World-Philosophie nach eemol eng nei Dimensioun gëtt, déi d'Reegele vum Spillen nees op d'Kopp dréien. Net nëmmen ass dëst Element kruzial wichteg an de Shrines oder um Terrain selwer, ma mécht einfach nëmmen enorme Spaass, sou dass een sech souguer dacks verléiert an net méi genee weess wat een an sech maache wollt. E Muss ass et an de meeschte Fäll awer nie, an et fënnt een dacks och aner Léisungen, wéi d'Benotze vun der Ultrahand. Ma d'Motivatioun fir da genee dat Gefier ze bauen, dat een dee Moment am Kapp huet, ass dann dacks einfach ze grouss. Richteg interessant gëtt et dann, wann ee spéider am Spill och Ventilatoren, Hydranten, Rieder, Steierelementer oder Flamewerfer, fir der nëmmen e puer ze nennen, asetze kann, déi och nach mat enger Batterie kënne bedriwwe ginn.

RTL

Eng weider Fäegkeet, déi bis elo nach net ugeschwat gouf, ass déi sougenannte "Synthees", mat där ee verschidde Materialien, Objeten an och aner Waffe mat senger eegener Waff verbanne kann. Sou kann ee sech Feierblummen op Feiler strécken, Rakéite mat Schwäerter verschmëlze loossen oder säi Schëld mat enger Bomm verbannen. Dëst dierft d'Fans opootme loossen, well d'Waffen domadder net nëmme méi staark ginn a souguer eventuell en neit Potential kréien, ma se halen och méi laang, wéi een dat am Breath of the Wild gewinnt war. Eng Kritik, déi et jo zënter hier ëmmer nees gouf.

Alles an Allem kann ee soen, dass Nintendo eng exzellent Aarbecht gemaach huet, wann et drëms gaangen ass, déi gutt Elementer vu Breath of the Wild (an där ginn et der vill) ze halen an deels souguer ze verbesseren an nei Elementer eranzebréngen. Virun allem de Fakt, dass een elo baue kann, mécht aus dem Spill vill méi, wéi just eng Suite vum Virgänger, eppes dat een och an enger DLC hätt kënnen ënnerbréngen. Et léisst ee sech einfach gären am Spill oflenken, an d'Oppenheet vun Tears of the Kingdom léisst dat och gären zou. A genee dat ass et, wat aus dem Spill alt nees e Meeschterwierk mécht. Op den 2. Deel elo besser ass wéi de Virgänger, ass um Enn vum Dag eng Affär de Goût. Fir mech steet awer fest, dass Tears of the Kingdom alles matbréngt, wat Breath of the Wild och schonn hat, an nach eemol eng ganz Partie méi, an dofir mir nach eemol besser gefält, dat direkt vun Ufank un. Hei hat menger Meenung no Breath of the Wild nämlech e klenge Problem, well virun allem den Ufank esou designed gouf, dass et fir verschidde Leit schwéier war, eranzekommen. Dëst huet ee beim Nofollger net, wat menger Meenung no e klore Virdeel ass. Eenzege klenge Manktem ass d'Performance vum Spill, dat d'Switch a ville Fäll ellen an d'Schweesse bréngt an d'Framerate deelweis ënnerierdesch ka ginn. Dat ass een allerdéngs gewinnt bei Nintendo, och wann et eng Erklärung, awer keng Entschëllegung ass. D'Konsol op där d'Spill leeft huet mëttlerweil scho 6 Joer a kann einfach net mat enger Playstation 5 oder engem PC mathalen.

RTL

Trotzdeem ass d'Spill fir all Besëtzer vun enger Switch méi wéi ze recommandéieren. No iwwer 50 Stonne Spillzäit géif ech dem Spill den Ament 9,5/10 ginn an ass och fir mec dëst Joer nees ganz kloer Kandidat fir Game of the Year ze ginn.