Vu Mäerz 2024 u kënne Fans an d'Welt vum Tom Nook a Melinda andauchen

© Nintendo / LEGO
En Dënschdeg hunn Nintendo a LEGO op hire Websäiten ugekënnegt, datt si an Zukunft LEGO-Sette vum beléifte Spill "Animal Crossing" verëffentleche wäerten.
Déi éischt Serie u Sette wäert allerdéngs réischt am Mäerz 2024 op de Marché kommen. E geneeë Verëffentlechungsdatum ass nach net gewosst. Dobäi wäert déi éischt Serie aus fënnef Sette bestoen, déi alleguerten tëscht 14,99€ a 74,99€ kaschte wäerten.
An engem Trailer, deen och en Dënschdeg op der Social-Media-Plattform X (virdrun Twitter) verëffentlecht gouf, gesäit een, datt den Design vun de LEGO-Sette sech un deene vum Super Mario orientéiert, déi schonn zënter Joren um Marché sinn. Deemno wäerten d'Sette sech éischter un e méi jonke Public riichten, mä béid Entreprisë verspriechen, datt och méi eeler Fans vum Spill Spaass mat de Sette wäerten hunn. Hei kënnt Dir Iech den Trailer nach eng Kéier ukucken:
An dëser Oplëschtung gesitt Dir och d'Nimm vun de vereenzelte Sette souwéi d'Unzuel vun de Klemmbausteng an de Präis vum jeeweilege Set:
- Dem Jimmy seng Gebuertsdagsparty - 170 Stécker - 14,99€
- Dem Mimmi säin Outdoor-Spaass - 164 Stécker - 19,99€
- Dem Käpten seng Insel-Bootstour - 233 Stécker - 29,99€
- De Besuch vum Melinda - 389 Stécker - 39,99€
- Dem Nook säi Buttek an dem Sophie säin Haus - 535 Stécker - 74,99€
Wat sot Dir? Gefalen Iech d'Setten? A wa jo, wäert Dir Iech se kafen? Loosst eis et mat engem Commentaire wëssen!