Vill Fans musse sech nach dru gewinnen: Wat soss ëmmer FIFA war, heescht elo FC24. Majo, huet sech ausser dem Numm soss nach eppes drastesch geännert?

EA Sport setzt beim aktuellen FC 24 kloer op déi Elementer, déi FIFA zu der bekanntster an och beschter Futtball-Simulatioun am Gaming-Beräich gemaach hunn. Wann ee Fan vu Futtball a Gaming ass, kënnt een einfach net laanscht EA Sports FC 24, eng Serie, déi jo Joer vir Joer en neien Deel dobäi kritt.
Grond fir d'Ännerung vum Numm ass jo scho méi laang bekannt, EA huet d'Lizensrechter vum Numm FIFA ofginn. Eng Milliard Euro fir 4 Joer en Numm dierfen ze droen, war den Entwéckler vum Spill dann awer ze vill. Och wann dëst Millioune vu Fans ufangs geschockt huet, dierft et EA net wierklech vill ausmaachen, well et eben einfach de Standard ass fir Leit, déi op hirer Konsol oder um PC Futtball spille wëllen. Dobäi kënnt, dass den deemools eenzege Konkurrent "Pro Evolution Soccer" praktesch net méi existent ass an doduerch EA och keng Konkurrenz méi um Marché huet.

RTL

© EA Sports

Vum Gameplay hir bleift wéi gesot villes beim Alen. Vun der Grafik hier ginn et eng Partie däitlech Verbesserungen, virun allem bei den Animatiounssequenzen no engem Gol oder wann een eng Kaart kritt. Och d'Gesiichter sinn däitlech méi realistesch ginn an Detailer wéi Falen am Trikot oder d'Ambiance am Stadion hu sech grafesch verbessert.

Déi gréissten Ännerung am Ultimate-Team Mode ass definitiv de Fait, dass elo Frae mat Männer an engem Team kënne spillen. Soss huet sech och hei wéineg bis näischt geännert. Ze nennen ass nach, dass een elo seng Kaarte ka modifizéieren a souguer verbesseren, dat an deem een dës oplevelt. Déi al bekannte Pay2Win-Philosphie vum Spill bleift awer zum Groussdeel bestoen.

Z'ernimme wier dann nach niewent engem verbesserte Manager-Modus, dass Crossplay dës Kéier vun Ufank u fir all méiglech Multiplayer-Modes accessibel ass. Allerdéngs mussen d'Generatiounen ënnert sech bleiwen, also PS5, PC an Xbox Series X/S an engem Grupp a PS4 an Xbox one an engem anere Grupp. D'Switch ass heivunner nach ausgeschloss. Dëst ass natierlech wéinst de groussen Ënnerscheed vun der Leeschtung an der Grafik ze verstoen.

Wat d'Lizenze vum Spill betrëfft, bleiwen dës zum groussen Deel erhalen. Eng FIFA-Weltmeeschterschaft wäert et net méi ginn, d'Trainer aus de Bundesliga an eng Partie Veräiner aus Italien feelen. Soss ass een awer komplett.
Dobäi kommen dann nach Fraenekippen a Competitiounen. Heizou gehéieren d'Google Pixel Frae-Bundesliga, déi US-amerikanesch NWSL, déi spuenesch Liga F, déi englesch Woman Super League an déi franséisch D1 Arkema.

Alles an allem kann ee soen, dass EA hei op Nummer sécher geet a bei den alen a bewäerten Elementer bleift, déi d'Spiller och déi lescht Joer un der Staang gehalen hunn. Dëst ass och ze verstoen, vu dass EA den eenzege Major-Player an der Welt vum Futtball am Gaming ass. Eng Prise méi Innovatioun dierf ee sech awer als Fan fir déi nächsten Editioun, da warscheinlech FC 25, erwaarden. Allerdéngs ass et awer definitiv kloer: FC 24 ass déi beschte Futtballsimulatioun, déi et dem Ament gëtt, do féiert wuel och déi nächste Jore kee Wee derlaanscht.