E Lëtzebuerger programméiert säin eegent Videospill
Fréier an och nach haut ass de Michel Losch villäicht nach ënnert dem Numm DJ Millbrook bekannt.
Deemools huet de Michel Losch nach opgeluecht, haut huet hie säin eegent Computerspill entwéckelt. "Rooftops and Alleys" heescht et an ass e Parkour-Computerspill. Obwuel de Michel Programmatioun net studéiert huet, huet hie sech dat selwer online bäibruecht.
Säi Spill gouf mëttlerweil schonn iwwer 400.000 mol verkaf. De Michel huet sech domadder säi Kandheetsdram erfëllt an ass frou, dass d'Spill net nëmmen him gefält. Wéi ass hien dozou komm, a wéi geet et elo weider mat sengem neien Talent? De Michel wunnt den Ament zu Berlin. Wou hien op Besuch bei seng Elteren op Lëtzebuerg komm ass, hu mir d'Geleeënheet genotzt, fir vun him eng Äntwert op all eis Froen ze kréien.









