D'LVGA wëll de Gaming zu Lëtzebuerg ënnert een Hutt bréngen
© David Winter/RTL
Am Grand-Duché ginn et scho laang Associatiounen, Firmen an och edukativ Programmer, déi sech ëm de Gaming dréien – elo soll alles koherent vereent ginn.
Et gëtt geschat, dass ronn 3,3 Milliarde Leit op der Welt an iergendenger Form Videospiller spillen, eleng 2025 koume bis ewell iwwer 170.000 Videospiller op de Marché. De Secteur generéiert zënter Jore scho wäit méi Suen, wéi de Museks- a Filmberäich weltwäit zesummegeholl.
D'Potential vum Gaming ass also längst bekannt, d'LVGA wëll elo Neel ma Käpp maachen. De Lëtzebuerger Gaming-Secteur soll vereent ginn, méi Visibilitéit kréien a méi gefërdert ginn, dat souwuel national wéi och international.
Als Zil huet sech d'Luxembourg Video Game Association, kuerz LVGA, op de Fändel geschriwwen, primär emol déi dräi grouss Pilieren vum Gaming am Land, also d'Kreatioun vu Videospiller, den edukative Volet an Events, wéi den eSport, mateneen ze verbannen. De Gaming wier "eng richteg Kultur an net just einfach e simpele Produit", sou d'LVGA op hirer Presentatioun en Dënschdeg.
Dem Fred Neuen no, selwer Spill-Designer a President vun der Filmakademie, wier et elo "d'Zäit fir sech zesummenzedoen" a schwätzt vun engem reegelrechten "Gaming-Ekosystem an deem alleguerten d'Entwéckler, Designer, Educateuren, eSportler an natierlech Gamer zesummekommen", deen zu Lëtzebuerg scho méi laang existéiert.












D'Videospill-Entwécklung an de Gaming zu Lëtzebuerg huet vill ze bidden
Punkto Game-Design huet Lëtzebuerg zwar vill kleng Studioen, ma dës brauche sech punkto Qualitéit an Erfolleg an de leschte Joren net ze verstoppen. Studioen dohannert si Boîte wéi "Bubblebird Studio", "Fireflies", "Radar" oder och nach "Velvet Flare", fir der just eng Hand voll ze nennen.
Mat Lëtzebuerger Produktioune wéi "Dodo Donut", mat enger erfollegräicher Arcade-Versioun a Japan, respektiv d'Indie-Spill "Haven Park" oder de PS5-Hit "Rooftops&Alleys", déi sech iwwer 100.000, respektiv 400.000 Mol scho verkaf hunn, wier Lëtzebuerg dem Fred Neuen vun der LVGA no "eng reegelrecht Kraaft am Beräich vun de Videospiller" ginn, hätt sech also längst och international am Gaming etabléiert.
Awer och an der Educatioun, wéi zum Beispill a Form vun engem BTS Game Design oder als Bachelor op der Uni.lu, ass de Videospillberäich schonn zënter Joren Theema a soll weider ausgebaut ginn. E gutt Beispill, wéi engagéiert speziell de BTS ass, weist d'Beispill vun der Game Jam an der Abtei Neimënster oder der Luxembourg Games Expo. Och den immersive Pavilion am Kader vum LuxFilmFest ass hei net ze vergiessen.
© Isabelle Gillen / RTL
De sougenannte "Serious Gaming", also e Beräich vum Gaming, dee fir edukativ Zwecker benotzt gëtt (beispillsweis Formatiounen op der Aarbecht), ass längst Realitéit zu Lëtzebuerg, sou de Fred Neuen op der Presentatioun am Casino.
An dann ass do net ze vergiessen de wichtege Pilier vum Gaming selwer, also d'Gamer, d'Privatleit, d'Fans, déi dat ganzt Gerëscht eréischt zu deem gemaach hunn, wat et haut ass. Ganz wichteg awer och den eSport, deen zu Lëtzebuerg beispillsweis mat der Orange eLeague – fir nëmmen ee Beispill ze nennen – zënter Jore schonn erfollegräich Fouss gefaasst huet.
Änlech wéi de Film wëll d'Associatioun dann och als zweet Missioun, dass de Gaming als eng richteg Konschtform akzeptéiert an unerkannt gëtt, souwuel politesch, wéi och gesellschaftlech. An deem Sënn, sou de Fred Neuen, wier d'Zil et dann och Ko-Produktiounen a ganz Europa ze realiséieren, eben wéi dat och bei grousse Produktiounen am Beräich vun der Kinoswelt ass, an deene Lëtzebuerg involvéiert ass.
Kleng awer konkret Schrëtt no vir
De Fokus läit fir den Ufank emol op méi klénge Spiller, déi net sou vill kaschten, manner Entwéckler brauch, ma trotzdeem, virun allem am Indie-Beräich extrem erfollegräich kënne sinn, dat och mat Hëllef vu Plattforme wéi Steam.
D'Associatioun selwer huet bis ewell schonn 20 fest Memberen an honnerte Leit, déi am Videospill-Secteur zu Lëtzebuerg schaffen an involvéiert sinn. Finanzéiert gëtt dat Ganzt deels vum Lëtzebuerg Filmfong. Hei sollen awer nach weider Finanzéierungsquelle mat der Zäit dobäi kommen. Och eng Bourse fir Studenten, déi am Gaming-Developpement oder Design aktiv sinn, ass ugeduecht, wéi en Dënschdeg op der Presentatioun verrode gouf.
Wee selwer wëll Member ginn oder méi Infoe wëll hunn, ka sech iwwert contact@lvga.lu bei der Associatioun selwer mellen, weider Detailer ginn et um offizielle Site.