Nei Spiller entdecken an an d’Gaming-Welt andauchen
Egal ob Brietspill, Videogame oder déi nostalgesch Pokémon-Kaarten – op der „Game On“ kann de Weekend all Spillbegeeschterten eppes Neies entdecken.
Genee dat ass och d’Zil vun den Organisateuren: Spiller weisen, déi bei der grousser Mass nach net esou bekannt sinn an de Leit d’Freed um Spille rëm nobréngen.
Nieft dem Testen a Verkaf vu Spiller geet et awer och ëm Kreativitéit an de Bléck hannert d’Kulissen. Dëst Joer stounge méi Workshoppen um Programm: vun engem Escape-Game op Basis vun 1.-Hëllef-Wëssen, bis hin zu engem Atelier, an deem ee mat enger Banann esouguer eng funktionéierend Spillkonsol baut. D’Begeeschterung ënnert de Visiteure war grouss.
De Pub-Quiz war schonn Deeg virum Weekend ausgebucht. Awer och nieft dem Quiz gouf et genuch ze erliewen a vill Méiglechkeeten, nei Spiller a Konzepter auszeprobéieren.
Wien de Rendez-vous um Samschdeg verpasst huet, kann nach dëse Sonndeg e Bléck an d’Gaming-Welt geheien: Déi 7. Editioun vu Game On - Lëtzebuerg spillt leeft vun 11 bis 18 Auer am Centre Culturel zu Bouneweg. Eng Visitt lount sech fir Grouss a Kleng.