Super Mario Bros. Wonder erfëllt all d'Erwaardungen

© Nintendo Media
Den neien 2-D-Aventure aus dem Haus Nintendo léisst keng Wënsch op an ass net nëmme fir d'Mario-Fans an absolutte Must.
Wat kënnt eraus, wann een alleguerten déi albekannte Figuren an Elementer aus engem Super Mario-Spill hëlt, se mat neien Ingredienten oppeppt an dann alles an e Mixer gehäit? Richteg, warscheinlech näischt Guddes...
Ma dach fillt sech den neie Super Mario Bros. Wonders un, wéi e Mix aus allen Elementer, déi e klasseschen Jump and Run vun der neier Generatioun vun 2-D-Spiller bei Nintendo ausmaachen, an eben nach vill méi. Net nëmmen gouf hei alles zesummegewürfelt, sou dass vir jiddwereen mat e wéineg Chance eppes dobäi ass. Nee, hei gouf sech, ebe grad wéinst de ville Spill-Iddien, vill Gedanke gemaach, wéi een déi Géigner, Fäegkeeten, Elementer an nei Items mat de klasseschen Elementer vum gewinnter Format matenee kombinéiert, ouni dass et kënschtlech eriwwer kënnt.

© Nintendo Media
Och wann ufanks vill geschmunzelt gouf, wéi de Leit an den éischten Traileren de Mario als Elefant presentéiert gouf, huet sech séier erausgestallt, dass genee dës Neierungen dem Spill gutt doen an den 2D-Plattformer bei Nintendo op en neie Level hieft, ouni awer all déi erprouften Elementer, un déi d'Jump and Run-Gamer sech gewinnt hunn, ewechzeloossen.
Kuerz gesot, déi komplett verréckte Welt, déi Nintendo eis mat sengem neisten Titel presentéiert, gëtt mat oppenen Ärem vun de Leit ugeholl, dat egal op dat d'Fanboys/Fangirls sinn, oder de casual Gamer, dee wéineg bis näischt mat Videospiller um Hut huet.
Eleng d'Kreativitéit beim Leveldesign, den Aufgaben déi virun engem leien, an d'Onmass u verréckte Géigner sinn einfach eppes, mat deem Nintendo ëmmer nees iwwerrascht a weist, wéi een d'Rad, och wann een et net nei erfënnt, trotzdeem nees e wéineg weiderentwéckelt an d'Leit iwwerraschen deet.

© Nintendo Media
Ganz nei ass dann zum Beispill d'Auswiel vun engem Ofzeechen, där een am Laf vum Spill ëmmer méi kritt, an déi een sech am Ufank vun engem Level dann eraussiche kann. Huet ee sech fir eent decidéiert, huet een eng speziell Fäegkeet an et behält een dës dann och bis zum Enn vum Level.
Ëm wat fir Ofzeechen et sech hei handelt, wëll ech op dëser Plaz net verroden, mä sou vill sief gesot - et sinn alles Fäegkeeten, déi engem an deem eng oder anere Level Virdeeler ginn. Verschidden Achievements kann een dann och net ouni bestëmmten Ofzeechen erreechen, bei anere Levelen ass et komplett egal, wat ee vir un Ofzeechen ausgewielt huet.
E weideren interessante Punkt ass de Koop-Mode an den Online-Mode beim Spill. Alle béid funktionéiere ganz gutt a maachen natierlech richteg Laun. Beim Online-Mode kann een sech dann och géigesäiteg nees um Liewe reaniméieren, wann een a senger Blos (an där ee sech befënnt, wann ee stierft), bannent 5 Sekonne bei engem anere Spiller sidd. Dëst kann natierlech virun allem dann hëllefen, wann ee scho relativ wäit a sengem Level komm ass an een net vu vir nees ufänke wëll.
Mä och zu 2 oder méi Spiller, déi mat engem um Canapé sëtzen, mécht d'Spill enorm vill Spaass, dat souwuel fir al, wéi och fir jonk, fir Games oder vir Leit déi wéineg mat sou Spiller um Hutt hunn. A selbstverständlech kann een sech och kompetitiv moossen, dat an deem een online Course mécht a kuckt, wien d'Levelen am séierste meeschtere kann.

© Nintendo Media
Et kéint een nach stonnelaang weider erzielen, wéi vill Spaass d'Spill mécht a wat fir gutt Elementer Plaz an dësem Spill fonnt hunn, dat fërmlech vu Kreativitéit a Spillspaass platzt. Ëmmer rëm léiert een nei Spill-Elementer a Fäegkeete kennen, sou dass et engem definitiv net langweileg gëtt.
Dobäi kënnt, dass een och ëmmer eppes ze dinn huet an een ëmmer nees nei Weeër entdeckt, u speziell Mënzen ze kommen oder einfach nei Spill-Elementer ze decouvréieren. Fir Leit, déi eng Switch hunn, gëtt et warscheinlech kee Wee laanscht dësen neien Titel. Fir Leit déi keng hunn... Heivir lount et sech eventuell mol mam Gedanken ze spillen, sech eng unzeleeën.

© Nintendo Media
D'Spill kritt vun eis eng perfekt 10 vun 10, well Super Mario Bros. Wonder dat hält, wat ee vun Nintendo gewinnt ass, an nach doriwwer eraus ëmmer nees z'iwwerrasche weess. An dat muss och mol mat engem perfekte Score belount ginn.