800 Euro fir eng "PS5 Pro" mat verbesserter Bildqualitéit
Um Dënschdeg war et eng iwwerraschend Pressekonferenz vu Sony Playstation.
Fir déi nei PS5 mat Numm "Pro" ass eng méi grouss Grafik-Kaart virgesinn mat besserem Ray-Tracing an Upscaling vum Bild duerch eng hausintern KI. Versprach gi "45% méi séier gerenderte Gameplay".
D'Konsol ass fir de 7. November, kascht 800 Euro, huet eng 2 T-SSD awer keen Lafwierk. Et kann een awer fir 100 Euro ee Lafwierk derbäi kafen.
Verschidde Spiller kréien een Update fir déi nei Maschinn: Alan Wake 2, Assassin’s Creed: Shadows, Demon’s Souls, Dragon’s Dogma 2, Final Fantasy 7 Rebirth, Gran Turismo 7, Hogwarts Legacy, Horizon Forbidden West, Marvel’s Spider-Man 2, Ratchet & Clank: Rift Apart, The Crew Motorfest, The First Descendant, The Last of Us Part II Remastered.
De 26. September geet de Virverkaf op.
Deen Donneschdeg ass wuel och eng State of Play mat weideren Infoen.