Sony huet mat Astro Bot e Meeschterwierk erausginn, dat vir de Moment am Genre ouni Konkurrenz ass. D'Mario-Franchise vu Nintendo muss sech waarm undoen...

Et kënnt net oft fir, dass ee vun engem Spill iwwerrascht gëtt.... Also net falsch verstoen. Mir schwätzen hei natierlech vu Sony, déi scho mat Astro Bot Playroom beim Release vun der PS5 gewisen hunn, dass Astro Bot d'Aushängeschëld oder d'Gesiicht fir d'Spillkonsol soll sinn. D'Playstation 5, also d'Konsol selwer, ass jo Element am Spill, genee sou wéi d'Manett, an deene sech déi kleng Bots, déi engem ouni Zweiwel direkt sympatesch sinn, befannen.

Majo och wa "Playroom" e flott Spillche war, dat ee gratis fir de Release vun der PS5 spille konnt, an een d'Konsol och sou kenne geléiert huet, war et schlussendlech awer just e Gimmick. A genee dat, war och mäi Gedanken, wéi de Review-Code vun Astro Bot erageflattert koum. Ech wousst dass d'Spill géif erauskommen, hu mer dann awer éischter manner Gedanken driwwer gemaach.

RTL

© Beca Truong / Sony

Dass d'Spill mécht schlussendlech esou begeeschteren a pake géif, hätt ech bis dohin net geduecht. Majo scho relativ séier no den éischte Spillminutte war kloer, dass den Entwéckler "Team Asobi" mat Astro Bot en absolutt Briet zerwéiert huet. D'Häerz vun all Fan vu Plattformer à la Mario, Jack&Daxter oder Banjo-Kazooie wäert hei garantéiert méi héich schloen.

D'Prinzip vum Spill ass séier erkläert an stellt och an a fir sech keng grouss Iwwerraschungen duer: Et steiert een e Roboter, den Astro Bot an et muss een mat him seng Roboter-Frënn op de verschiddene Planéiten retten, fir esou säi Raumschëff nees kënnen ze reparéieren. D'Stécker heifir sinn nämlech verstreet an der ganzer Galaxie a musse mat Hëllef vun dëse Roboter zeréckbruecht an an d'Raumschëff (dat iwwrgens eng Playstation 5 ass) nees agebaut ginn. Ma net nëmme muss een d'Levelen packen an dobäi sou vill wéi méiglech vu senge Robot-Friends sammelen, déi deelweis gutt verstoppt ginn... Ze fanne gëllt et och verschidde Puzzle-Stécker oder geheim Portaler, déi een an eng aner Dimensioun schleidert an nei Levele fräigeschalt ginn, déi ee soss net géif zu Gesiicht kréien.

Wéi gesot, d'Prinzip ass bekannt a simple. D'Levele ginn ëmmer méi schwiereg, d'Rätselen an d'Stoppe vun de Roboteren ginn ëmmer méi raffinéiert an d'Géigner mi staark. Majo an dach, fillt d'Spill sech esou natierlech a "smooth" un, dass et ee quasi direkt no den éischte Spréng a Box-Schléi paakt. Seelen ass et engem Spill gelongen, mat der simpler, awer perfekter Steierung esou eng Spillfreed direkt ze vermëttelen, wéi den neien Astro Bot.

Net ze schwätzen vun der propperer Grafik, déi natierlech, well quasi vu Sony selwer erausbruecht, perfekt mat der Playstation 5 ofgestëmmt ass. D'Spill ass wuelverstanen exklusiv fir d'Playstation 5 erauskomm, eng Versioun fir d'Playstation 4 ass net méi rauskomm, wat weist, dass och sou lues awer sécher déi lescht Stonne vun der Virgänger-Konsol agelaut goufen.

D'Léift zum Detail spruddelt wuertwiertlech aus allen Ecken vun de vollgepaakte Levelen, ëmmer nees tauchen al bekannte Charakteren vu Playstation-Spiller op, dorënner aus God of War, Uncharted, Crash Bandicoot oder Metal Gear Solid. D'Kreativitéit huet quasi keng Grenzen, all Level huet seng eegen Thematik an dacks ass ee mat engem speziellen Objet ekipéiert, mat deem een sech dann ugepasst fir de Level derduerch kämpfe muss. Och de Schwieregkeetsgrad ass perfekt adaptéiert, deelweis si wierklech schwiereg Passagen a Momenter déi op een duerkommen, ma dëst si virun allem Bonus-Levelen, déi ee just optionell maachen muss, awer net brauch, fir am Spill weiderzekommen.

RTL

© Beca Truong / Sony

Net ze schwätzen vum kreativen Asaz vun der Manett mat Téin, Vibratiounen a weideren Optiounen, déi d' Spill-Erliefnis däitlech méi authentesch an interaktiv maachen. Hei weist Sony op eng impressionant Manéier, wat ee mat der Manette vun der PS5, an där méi Technik drastécht, wéi sou muncher ee mengt, alles maache kann.

Et kéint een nach laang iwwert Astro Bot schwätzen, ma kuerz gesot, mécht Astro Bot einfach alles richteg, hëlt Elementer, déi et scho jorelaang am Genre ginn an hieft dëst op en neien Niveau. Dat mat enger Perfektioun, dass engem näischt anescht iwwreg bleift, wéi Bock op Astro Bot ze kréien... An dat bleift bis zum Schluss, et huet ee praktesch keng Rou, bis een alles op engem Planéit fonnt huet, iert ee weider op déi nächst Missioun reest. A mir bleift dohier och näischt anescht iwwreg, wéi Astro Bot ouni grouss méi z'iwwerleeën eng perfekt 10/10 ze ginn. Hei gouf en neie Standard fir 3D-Plattformer gesat, Nintendo muss sech waarm undoen a kënnt wuel net derlaanscht, Astro Bot als eng nei grouss Konkurrenz an der Jump&Run-Welt unzegesinn. Astro Bot ass definitiv e méigleche Kandidat fir Game of the Year.

Eng DLC ass dann och scho geplangt, et kann ee méi wéi gespaant sinn!