Bei Star Wars denken déi Meescht wuel u Liichtschwäerter, Jedien an epesch Weltraum-Schluechten. Ma Star Wars Outlaws bitt hei en anere Bléckwénkel...

Hei ginn et nämlech eng Abberzuel u Planéiten, Vëlker, Politik, verschidde Kulturen - an natierlech och déi organiséiert Kriminalitéit z'entdecken. An düsteren Ecken dreiwe sech Schmuggler, Mäerder an aner rau Gestallte ronderëm. A genee hei spillt dat neit Spill vun Ubisoft.

Bei Star Wars Outlaws geet et ëm déi jonk opstriewend Gaunerin Kay, déi zesumme mat hirem Begleeder Nix op der Sich no engem bessere Liewen ass. Onglécklecherweis geréit d'Kay awer tëscht d'Fronte vun de gréisste Verbriecher-Syndikater am Star Wars-Universum.

D'Kay riskéiert alles fir z'iwwerliewen, dobäi muss hatt schlau virgoen a gewëtzt Problemer léisen, Saache klauen a geschéckt schläichen, fir méiglechst onopfälleg ze bleiwen. Ma wann et awer mol muss sinn, kann d'Kay och weise wat et kann a seng exzellent Kampfkënscht fir hatt schwätze loossen.

RTL

© Ubisoft

D'Kay an den Nix reese mat engem geklaute Raumschëff duerch déi ganz Galaxie a besichen dobäi eenzegaarteg Plazen, verschiddener dovunner wäerten dem richtege Fans natierlech bekannt virkommen. An iwwerall waarde spannend Missiounen. Ma dës Missioune kënnen awer deelweis massiv beaflosst ginn, zum Beispill wéi engem säi Ruff bei de verschiddene Syndikater ass.

Am Laf vun der Story begéint d'Kay Schmuggler, Krimineller a Kampfdroiden, verschiddener gi souguer Deel vu senger Ekipp, anerer joen déi jonk Protagonistin. Star Wars Outlaws erzielt déi spannend Geschicht vun enger jonker Fra, déi fir eng besser Zukunft maximal Risken agoe muss.

D'Spill ass fir PC, Xbox Series X an S a fir PS5 erauskomm. A fir d'PS5 verspille mir d'Spill och 1x ënnert all deene Leit, déi bei eisem Quiz matmaachen! Vill Gléck!