De Gadget, deen sou beléift war an den 90er an och nach Ufank den 2000er Joren, ass rëm zréck. Zanter Kuerzem kann een zu London en Tamagotchi kafen.

01/10/2024 Tamagotchi: en eegene Buttek zu London

Et si vill Leit, déi sech warscheinlech kënnen un déi Spillsaach erënneren, déi geformt war wéi e klengt Ee. Zäitweis huet et Kreesch vu sech ginn oder et war heiansdo roueg, wann den digitale Matbewunner geschlof huet. Och wann ee meeschtens den Tamagotchi weiderginn huet un seng Elteren, soubal dat digitaalt Déierchen ugefaangen huet mat kräische well et hongreg war, sou ass et awer eng schéin Erënnerung fir d’Majoritéit vun de Leit, déi dat materlieft hunn.

Mee ab elo kann ee rëm vum Tamagotchi schwätzen, well zu London huet e Geschäft seng Dieren opgemaach, wou ee rëm zréck an d’Vergaangenheet reest. Esou ee Geschäft ass et zanter 1996 net méi ginn. De Bandai Namco Store fënnt een zu Camden – och wann ee bëssen muss sichen, bis dass een e fënnt. Vu baussen ass d’Geschäft ganz onopfälleg, ma banne fënnt een eng ganz Auswiel un Tamagotchien. Déi sinn hautdesdaags méi performant ewéi fréier a kënne well un e Wifi verbonne ginn. Et geet drëms Leit duerch den Tamagotchi zesummen ze bréngen. Sou kënne Kolleege sech elo och iwwert dat klengt Gerät matenee verbannen.

Den Undrang am Geschäft ass grouss – de Management muss sou mëttlerweil am Head Office ufroen, nach Interviews dierfen ze ginn. D’Mataarbechter sinn awer ganz frou doriwwer, dass dësen Trend rëm operlieft gëtt a Leit glécklech mécht.