Hei kënnen d'Visiteuren sech op déi räich Geschicht vun am Ganzen 130 Joer Geschicht vum Videospill-Gigant Nintendo aloossen.

Natierlech goufen et virun 130 Joer nach keng Videospiller, de Betrib huet seng Aktivitéiten och mat Kaartespiller ugefaangen.

De Musée selwer ass nëmmen e puer Kilometer vum Zentrum vu Kyoto ewech, wou och den Haaptsëtz vun Nintendo ass, dat op enger fréierer Fabrick-Plaz, wou Nintendo déi traditionell japanesch Kaartespiller produzéiert huet.

Et wéilt ee gären d'Evolutioun vun der Mark Nintendo weisen, eng Firma déi jo zënter 1889 scho Produiten produzéieren. Réischt méi spéit ass aus Nintendo de Videospill-Gigant ginn. Ënnert anerem huet Nintendo, wéi gesot, Kaarten hiergestallt, ma awer och, wat déi meescht Leit net wëssen, Poussetten a Fotokopiesmaschinnen.

En Ticket fir an de Musée kritt een iwwregens just iwwert eng Lotterie. Fir Oktober an November ass de Musée scho komplett ausgebucht.