50 Joer Begeeschterung a Rätselspaass
De Rubik’s Cube ass méi wéi nëmmen e Puzzle - et ass e weltwäite Kultobjet, deen zanter sengem Debut viru 50 Joer, Millioune vu Leit begeeschtert huet.
Mat iwwer 43 Trillioune Kombinatiounsméiglechkeeten, bleift de Cube e Puzzle, dee vill Denkstrategie a Gedold verlaangt. Den ungareschen Architekturprofesser Ernö Rubik huet 1974 den Zauberwierfel erfonnt fir senge Studenten am raimlechen Denke weider ze hëllefen.
An den 80er goufen déi éischt Rubikskompetitiounen ofgehalen. D’Welt vum Speedcubing, bleift net stoen. Aktuell hält en Amerikaner, de Max Park, de Weltrekord vun 3,13 Sekonnen. Mëttlerweil ginn et Zauberwierfel a ville verschiddene Variatiounen. Fir déi klassesch Versioun vun 3x3 bréicht e laut dem Grënner 20 Zich bis zur Léisung.
D’Begeeschterung vum Cube hält bis haut un. Wärend der Corona Pandemie hätte vill Leit no engem neien Hobby gesicht, erklärt de YouTuber Joshua. A sengen Ae konnt den Zauberwierfel doduerch nach emol u Popularitéit gewannen. Awer och a verschiddene brittesche Schoulen kënnt de Wierfel zum Asaz. Den Enseignant Bertie Longden benotzt en zum Beispill als Oflenkung awer och als Léierméiglechkeet, wann hie mierkt, dass seng Schüler Zäit brauche fir sech ze berouegen. “Ech ginn hinnen dann e Wierfel an de Grapp, bei deem just nach e puer Zich néideg sinn, a loossen se dat léisen”, erkläert de Bertie.
Domat géif hien de Schüler hiert Selbstvertraue stäerken, wat si da rëm motivéiert fir weider ze schaffen.
Den Ernö Rubik wënscht sech, dass säi Cube weiderhi vill Leit faszinéiert an inspiréiert. “Op d’mannst nach fir déi nächst 50 Joer”, esou de Rubik. Méi wéi 500 Milliounen Zauberwierfel sinn zanter dem Boom an den 80er verkaf ginn. De Rubik’s Cube bleift also en Objet, dee Grouss a Kleng begeeschtert a matenee verbënnt.