Mëttlerweil huet LEGO scho ville Videospillwelten eng Klemmbaustengvariant spendéiert. 2026 wäert mat Pokémon eng weider ikonesch Serie dobäikommen.

The Pokémon Company huet en Dënschdeg confirméiert, datt ee sech mat dem LEGO-Grupp zesummegedoen hätt, fir déi beléifte Pokémon och als Klemmbaustengvariant vu LEGO ubidden ze kënnen. Nieft The Legend of Zelda, Animal Crossing a Super Mario, wier dëst deemno déi véiert ikonesch Videospillserie, déi een op Nintendo Geräter spille kann, déi esou eng Adaptatioun spendéiert kréie géif.

An engem éischten Teaser-Trailer ass dem Pikachu säi Schwanz ze gesinn, dee sech amgaangen ass opzelueden, fir d'Attack Donnerschock anzesetzen. Et ass deemno dovun auszegoen, datt déi kleng Elektro-Maus eng LEGO-Variant spendéiert kréie wäert. Dee ganzen Teaser-Trailer kënnt Dir Iech iwwerdeems hei ukucken:

Wéi eng aner Pokémon als LEGO-Versioun op de Marché komme wäerten, ass iwwerdeems nach net gewosst. Och musse sech d'Fans op d'LEGO-Pokémon nach eng Zäitche gedëllegen. Réischt am Joer 2026 sollen déi éischt Männercher hire Wee an d'Butteker fannen. Wie wëll ka sech awer reegelméisseg op der Säit vu LEGO iwwert dës Kooperatioun informéieren, op där an deenen nächste Wochen a Méint weider Informatioune verëffentlecht wäerte ginn.