D'Frënn vu Science-Fiction, Fantasy an Horror, aus der ganzer Groussregioun, hu sech dëse Weekend nees Rendez-vous ginn op der LuxCon um Geesseknäppchen.

Den Tim Morizet war bis kucken an huet d'Sarah begleet - eng Cosplay-Artistin.

"Cosplay mécht mir esou enorm vill Spaass, well ech mega gäre meng Liblingscharakteren esou kann an dat richtegt Liewe bréngen."

Cosplay steet fir “Kostüm” a “spillen”. Zanter 10 Joer cosplayed d’Sarah schonns an huet mat senge selwer gebastelte Kostümer och schonn eng Rëtsch Präisser gewonnen. De groussen Ënnerscheed zu Fuesent: D’Kostümer an d’Schmink si vill méi detailléiert. Meeschtens aus dem Fantasy- oder Science-Fiction Beräich. An et gëllt de Charakter och wierklech ze spillen.

Dacks ginn wochelaang Planung an Ëmsetzung an d’Kostümer. De Make-up um Dag vun der Conventioun muss sëtzen. Hei brauch d’Sarah ëmmer eng bis zwou Stonnen.

"D’Haaptmaterial ass bei mir tendenziell EVA Schaumstoff an Thermoplastik. Mee am Cosplay gëtt wierklech alles benotzt, wat een iergendwéi esou fanne kann. Ganz vill Leit benotzen och recycléiert Materialien."

Cosplay-Artiste reesen deels duerch d’hallef Welt, fir bei groussen Evenementer kënnen dobäi ze sinn.

"Ech fannen et ëmmer nees richteg schéin op Conventions, wann d’Leit mech erkennen a bei mech kommen an zum Beispill soen: “oh dat ass mäi Liblingscharakter” oder "du hues mer mäin Dag verschéinert". Ech fannen dat einfach esou schéin, datt ech e bësse meng Leidenschaft fir Videospiller och nach emol kann un aner Leit weiderginn."

D’LuxCon ass dat gréissten Science-Fiction, Fantasy an Horror Evenement an der Groussregioun. All Joers zitt et eng 5.000 Visiteuren op de Geesseknäppchen, fir Deel vun dëser grousser Famille ze sinn. Nieft de fillen, och staark limitéierten, Gadgeten déi ee fënnt - gëtt och zesumme gespillt.

Gérard Kraus, Organisateur vun der LuxCon:
“Aner Conventiouns si vill méi grouss. Vill méi kommerziell. Bei eis geet et wierklech drëm d’Leit zesummenzebréngen. Mir probéiere vill verschidde Leit déi un Science-Fiction, un Fantasy oder un Horror intresséiert sinn, beieneen ze kréien. An hoffentlech Fan-iwwergräifent ze fonctionéieren. E Spiller kann esou zum Beispill Literatur oder Cosplay entdecken. An ëmgedréint."

Annerhalleft Joer Aarbecht stécht hannert esou engem Event, dat och fir déi néideg Stänn a Leit ze invitéieren. D’LuxCon 2025 geet bis e Sonndeg 18 Auer.