Domadder kënnen elo och Spiller déi hei am Land wunnen un de groussen internationalen eSport-Competitiounen deelhuelen.

Den eSport ass an de leschte Jore weltwäit extrem gewuess, mat 11F Gaming soll den eSport sech och zu Lëtzebuerg weider entwéckelen.

Zanter September 2016 ass 11F Gaming en offizielle Partner vun der eSport World Convention. Domadder ginn och an Zukunft d'Tournoien zu Lëtzebuerg organiséiert, déi et de Gewënner erlaben sech fir méi grouss Competitiounen ze qualifizéieren.

Den 10. September war dann och schonns den éischten Tournoi. Hei konnt sech den Damian Romanazzi fir d'Haaptevenement op der Games Week zu Paräis qualifizéieren.