48 Stonnen Entwécklungszäit fir e Videospill"Don’t Jinx it" wënnt dëst Joer d'Game Jam an der Abtei Neimënster

RTL Lëtzebuerg
Zanter véier Joer gëtt et d'Game Jam zu Lëtzebuerg, dat am Kader vum LuxFilmfestival an dem Immersive Pavillon an der Abtei Neimënster.
© Film Fund Luxembourg

Wie scho mol ee Video- oder Computerspill gespillt huet, ka sech virstellen, dass do bei der Produktioun vill Aarbecht mat rafléisst. Heiansdo gi ganz virtuell Welte kreéiert an deenen een sou munch Erausfuerderung meeschtere muss. Dohannert stiechen dacks vill kreativ Käpp an nach vill méi Stonnen Aarbecht.

Op engem sougenannte Game Jam ginn och Spiller entwéckelt. Allerdéngs gëtt et hei ee strengen Zäitlimitt. Bannent kierzter Zäit musse sech d’Participanten op eng Iddi eenegen an ufänke mat programméieren, fir um Enn dann ee fäerdegt Videospill ze hunn, dat am beschte Fall och ouni all ze vill Feeler fonctionéiert.

De Weekend hu sech dofir eng BTS-Schüler der Aufgab vun der Game Jam gestallt. A 6 Ekippen hu si sech opgedeelt an no 48 Stonnen intensiver Aarbecht sinn och 6 Spiller dobäi entwéckelt ginn.

Um Enn sinn déi verschidde Spiller nach präsentéiert ginn a konnten och getest ginn. Eng Jury huet d’Spiller mat Hëllef vu verschiddene Krittäre bewäert. Si hunn zum Beispill gekuckt, wéi d’Spill präsentéiert gouf, wéi d’Ekipp zesumme geschafft huet, awer och op d’Thema agehale gouf. Dëst Joer war d’Thema iwwregens “Fréideg den 13.”.

Déi dräi Beschtplacéiert vun der Game Jam 2026

Gewonnen huet d’Spill “Don’t Jinx it”, enger klenger Sammlung u Mini-Spiller, déi ee séier hannerteneen muss ouni e Feeler ze maache léisen. An der Ekipp waren hei de Joe SCHUSTER, d’Linda NIKELS, de Liam ADAMS an de Maxim SHEVELEV. Inspiréiert ass d’Spill vun der bekannter Serie “Wario Ware” an ass einfach erkläert. Et huet een dräi Liewen an et muss een an ëmmer méi kuerzer Zäit verschidde Mini-Spiller meeschteren. Wann een e Feeler mécht, verléiert een e Liewen.

Linda NIKELS presentéiert fir seng Ekipp d’Gewënnerspill “Don’t Jinx it” an der Abtei Neimënster (15.3.26)
© Film Fund Luxembourg

Virun allem de flotten Design, d’Anhale vum virgeschriwwenen Zäit-Management, d’Realiséierung vun engem komplett fäerdegen a flësseg-lafende Prototyp an déi ronn Presentatioun zum Schluss huet d’Ekipp ëm “Don’t Jinx it” um Enn op déi éischt Plaz bruecht. Dëst Spill wäert dann och op engem spéideren Zäitpunkt op der bekannter Plattform Steam fir de grousse Public erauskommen an da kann een sech en eegend Bild vum Spill maachen.

Op der 2. Plaz ass “One More Pill” vum Milan BRUNEAU, Daniel SILVA CASACA, Eduarda PEREIRA an Diego OVALLE gelant. Hei handelt ët sech ëm e mysteriéist First Person-Rätsel-Spill, wou ee sech an engem Raum beweegt, Indice sammelen an esou Pëlle fanne muss, fir net duerchzedréien. Virun allem déi graphesch Ëmsetzung, de Choix vum Design an d’Konzept hunn iwwerzeegt.

Déi 3. Plaz geet u “Purring Rain” designt an entwéckelt vun der Ekipp ëm den Adam PROSSER, Benedetta LACITIGNOLA, Lyna HARKAT, Alyssa VENTURA a Clément RENARD. Wéi den Titel et schonn e wéineg verréit, handelt et sech ëm en 2D-Plattformer an där eng Kaz den Haaptcharakter ass. Hei muss een un d’Enn vun der Stad kommen, ouni dobäi ze vill naass ze ginn. D’Spill hat e flotten Design, d’Ëmsetzung hätt der Jury no iwwerdeems och immens gutt thematesch gepasst.

Back to Top
CIM LOGO