“E Kannerbuch fir erwuesse Leit” dat ass just op den éischte Bléck e Widdersproch. Am Roland Meyer séngem neitste Roman geet et ëm den Telmo, e Jong vun 12 Joer, dem säi Liewen aus dem Rudder gelaf ass. „Kann dat alles nach gutt ausgoen?“ dat ass déi Fro déi den Telmo sech direkt zu Ufank vum Buch stellt. D’Bea Kneip ass der Fro am  Gespréich mam Auteur, Kabarettist a Schoulmeeschter Roland Meyer nogaangen.

Op dem Telmo sénger Facebooksäit gidd Dir ëmmer gewuer wat dee Borscht grad esou mécht, an Dir kënnt em och schreiwen. "Voll krass" géif den Telmo dozou soen! De Roland Meyer huet dem Telmo seng Geschicht opgeschriwwen, d'Buch ass bei „Op der Lay“ erauskomm.

RTL

© RTL/ Bea Kneip