
© edicion funambulista
An hirem neie Buch weist déi spuenesch Autorin Loreto Urraca déi enk d'Collaboratioun tëscht dem Franco-Regime an Nazi-Däitschland am zweete Weltkrich.
Den 8. Juli 1943 gouf op der Gare vu Metz den Doud vum Jean Moulin festgestallt. De prominente fréiere Politiker war an de Krichsjoren zu enger vun de wichtegste Perséinlechkeete vun der franséischer Resistenz avancéiert. E puer Deeg viru sengem Doud gouf e vun der Gestapo verhaft, an den Zuch an dem e gestuerwen ass, sollt hien op Berlin bréngen. D'Ëmstänn vu senger Verhaftung a sengem Doud si bis haut nach net ganz gekläert. Déi spuenesch Autorin Loreto Urraca huet an hire Recherchen elo eng ganz nei Pist opgedeckt. Eng erstaunlech Geschicht an der den Zoufall eng grouss Roll spillt. D'Bea Kneip huet sech mat hir ënnerhalen.
Den éischten Zoufall huet mat engem Zeitungsartikel ze dinn, den d'Loreto Urraca eng Kéier Sonndes Moies an der grousser Dageszeitung El Pais gelies huet. Am Artikel mam Titel "El cazador de rojos" iwwersat: de Jeeër vun de Rouden, goung et ëm hiere Grousspapp Pedro Urraca, mat dem si allerdéngs ni wierklech Kontakt hat. Aus der Zeitung gouf si gewuer, dass hien als Polizist am Déngscht vum Franco-Regime Juegd op spuenesch Republikaner gemaach huet, déi a Frankräich geflücht waren. An dass hien an der Jore vun der Okkupatioun ganz enk mat den Nazien a mat der franséischer Vichy-Regierung zesummegeschafft huet.
D'Loreto Urraca wollt onbedéngt Explicatioune fannen, an huet 5 Joer laang recherchéiert. Erauskomm ass e Buch an dem si d'Geschicht vun hire Grousselteren a Form vun engem historesche Roman verschafft. An hei kënnt den zweeten Zoufall an d'Spill, an der Persoun vun der jiddescher Molerin Antoinette Sachs. Si huet deemols zu Paräis en Appartement gelount, dat der Schwéiermamm vum Pedro Urraca gehéiert huet. 1936 huet d'Antoinette Sachs de Jean Moulin kennegeléiert, déi 2 goufen eng Koppel. Si huet hien och bei senger Resistenzaarbecht ënnerstëtzt. Et ass also duerchaus méiglech, dass d'Gestapo duerch de Pedro Urraca op d'Spur vum Jean Moulin komm ass.
Dat ass ëmsou méi plausibel well de Jean Moulin a senger Fonktioun als Chef de Cabinet vum Aviatiounsminister Pierre Cot, déi spuenesch Republikaner während dem Biergerkrich ënnerstëtzt hat. De Pedro Urraca hätt also net nëmmen der Gestapo e Kaddo gemaach, mä den Doud vum Jean Moulin wier och am Interessi vum Franco-Regime gewiescht. An hirem Buch mam Titel "Entre Hienas", "ënner Hyänen" beschreift d'Loreto Urraca och wéi enk déi verschidde faschistesch Diktaturen zesummegeschafft hunn. Sou konnt de Pedro Urraca sech an de Krichsjoren iwerall a Frankräich fräi bewegen, wat et him zum Beispill erlaabt huet de katalounesche Ministerpräsident Lluis Companys un d'Messer ze liwweren. Nom Krich gouf hien en Absence a Frankräich zum Doud verurdeelt, huet sech dann awer ënner engem aneren Numm an der Belsch néiergelooss, wou e weiderhinn fir d'Diktatur spionéiert huet. Seng eenzeg Enkelin huet en eréischt 1982 kennegeléiert, wéi dat jonkt Loreto 18 Joer hat. De Kontakt blouf awer sporadesch. 1989 ass de Pedro Urraca Rendueles am Alter vu 85 Joer zu Madrid gestuerwen. E gouf ni bestrooft.
D'Buch vun der Loreto Urraca ass momentan just an der spuenescher Originalversioun ze kréien, Iwwersetzungen op Däitsch a Franséisch sinn awer an der Maach.
"Entre hienas" Loreto Urraca Luque, Editorial Funambulista (2018)

© RTL/Bea Kneip
D'Loreto Urraca war ugangs Mäerz op Invitatioun vum spuenesche Kulturzenter Circulo Antonio Machado fir de Salon du Livre hei zu Lëtzebuerg. Hei déi laang Versioun vum Interview mat hir: