Ausmooss nach net bekanntHORESCA warnt viru Phishing-Campagne géint Hotelclienten

RTL Lëtzebuerg
D'HORESCA warnt virun enger Phishing-Campagne, bei där Onéierlecher sech als Hotel-Mataarbechter ausginn an esou versichen, u Kreditkaarten-Donnéeë vu Gäscht ze kommen.
E puer Cliente wiere per WhatsApp kontaktéiert ginn, deelweis iwwer international Telefonsnummeren, anerer hätten Noriichten direkt iwwer de Messagerie-System vu Booking.com kritt.
© Canva / Jacob Lund

D'HORESCA warnt viru méigleche Phishing-Versich, déi sech géint Cliente vu verschiddenen Hoteller riichten. Betraff wieren no de bis elo virleienden Informatioune virun allem Gäscht, déi eng Reservatioun gemaach haten an duerno vun Onéierleche kontaktéiert goufen.

Aussoe vun der Federatioun no géifen d'Täter sech dobäi als Hotel-Mataarbechter ausginn a Clienten dozou opfuerderen, hir Kreditkaarten-Donnéeën ze aktualiséieren oder ze confirméieren, fir d'Reservatioun ofzeschléissen oder ze garantéieren.

Verschidde vun de Betraffenen hätten no der Iwwermëttlung vun dësen Donnéeë festgestallt, datt onerlaabt Sue vun hire Konten ofgebucht goufen.

D'Signalementer géifen Hoteller betreffen, déi mam "Channel manager" oder mat bestëmmte Léisunge vum Grupp "Lighthouse" schaffen. En direkten techneschen Zesummenhang kéint den Ament net mat Sécherheet nogewise ginn.

Wéinst der Heefegkeet vun de gemellte Fäll wëll d'HORESCA de Secteur awer sensibiliséieren.

Den Informatioune vun der Organisatioun no géifen déi Onéierlech ënnerschiddlech Kommunikatiounsweeër notzen. E puer Cliente wiere per WhatsApp kontaktéiert ginn, deelweis iwwer international Telefonsnummeren. Anerer hätten Noriichten direkt iwwer de Messagerie-System vu Booking.com kritt. Dat kéint den Androck ginn, datt d'Noriicht effektiv vum concernéierten Hotel kënnt.

Beispiller vu Phishing-Tentativen.
© HORESCA

D'HORESCA rifft all Clienten dozou op, besonnesch virsiichteg ze sinn, wa si eng Demande kréien, fir ze bezuelen oder fir Bankdaten ze aktualiséieren. Am Zweiwelsfall soll de concernéierten Hotel direkt iwwer seng offiziell Kontaktdonnéeë kontaktéiert ginn.

Gläichzäiteg fuerdert d'Federatioun all concernéiert Hoteller op, sech séier bei der HORESCA ze mellen, fir d'Informatiounen ze zentraliséieren an d'Ausmooss vum Phenomeen besser kënnen anzeschätzen. Etablissementer, déi scho betraff sinn, sollen d'Fäll och beim Computer Incident Response Center Luxembourg (CIRCL) mellen.

No enger éischter Kontaktopnam mat Lighthouse hätt d'Entreprise séier op d'Problemer reagéiert an Erklärunge geliwwert. D'HORESCA huet an deem Kontext ënnerstrach, datt eng séier preventiv Kommunikatioun un all Clientë wichteg wier, fir d'Opmierksamkeet vis-à-vis vun der aktueller Phishing-Campagne ze stäerken.

Hei geet et bei de Communiqué vun der HORESCA.

Back to Top
CIM LOGO