Schroen Accident viru genee 50 JoerAm Pafendall sinn 1976 dräi Leit bei enger Explosioun ëm d'Liewe komm

Marc Hoscheid
Ronn 20 Persoune goufe blesséiert an eng 120 hu musse relogéiert ginn. Grond waren 10.000 Liter Bensinn, déi ongewollt an d'Kanalisatioun geschott goufen.

Dräi Doudeger bei enger Explosioun am Pafendall viru 50 Joer / Marc Hoscheid

Wann een d'Biller gesäit, kéint ee mengen, et hätt eng Bomm ageschloen, rieds geet vun der Rei vun der Explosioun am Pafendall den 30. Mee 1976, bei där dräi Leit ëm d'Liewe komm sinn. De Grond war awer keng Bomm, mee 10.000 Liter Bensinn, déi een Tankwon zu Zéisseng an d'Kanalisatioun amplaz an een ënnerierdeschen Tank geleet hat.

E Réckbléck op e schwaarzen Dag, dee genee 50 Joer hier ass.

"Et war puere Chaos"

Tëscht 9 an 10 Auer owes goufen d'Leit op deem Sonndeg am Pafendall aus dem Schlof gerappt. Bis zu 20 Haiser goufen duerch eng Rei vun Explosioune bis 11 Auer komplett zerstéiert, respektiv beschiedegt, dräi Persoune si gestuerwen a ronn 20 goufe blesséiert.

De Jean-André Stammet, Sekretär faisant fonction vum Syndicat d'initiative Pafendall-Sichenhaff, beschreift d'Situatioun esou:"Et war puere Chaos, et war Inferno, et war einfach eppes Grausames, well d'Leit einfach net woussten, wat ass lass. Et huet geknuppt, et waren Explosiounen an deenen zwou Stroossen, Rue du Pont a Rue Laurent Ménager. Et war einfach ee grousst Fragezeichen, bis gewosst war wou dat hierkomm ass, huet et jo méi wéi een Dag gedauert. Mee virdru waren d'Leit komplett am Ongewëssen, se hu panikéiert a si fortgelaf."

Hie selwer huet den Accident zwar net direkt matkritt, well en am Fong vum Lampertsbierg ass, mee hien huet mat Leit geschwat, déi deemools am Pafendall gewunnt hunn an och mat Pompjeeën, déi am Asaz waren.

"Et ass zum Beispill ee Pompjee, deen ass eng zéng Meter wäit ewech geflunn, widder een Drot geheit ginn an anscheinend hat dee keng Suele méi un de Stiwwelen, wéi en do geflunn ass", sou de Jean-André Stammet weider.

Eng 120 Leit goufen op anere Plazen ënnerbruecht, déi meescht vun hinnen an der Jugendherberg. Et goufen och séier Mesuren ëmgesat, fir déi Betraffe finanziell ze ënnerstëtzen, esou den deemolege Familljeminister an LSAP-Vizepremier Bernard Berg den 2. Juni 1976 an engem Telefonsinterview op RTL-Radio: "An zwar gëtt et do 2.000 Frang pro Persoun a 500 Frang pro Kand, fir déijéineg, déi an der Laurent-Ménager-Strooss 1-23 wunnen, dat heescht déi, déi an hir Haiser zeréckgoe konnten. Wärend fir déi aner, wou tatsächlech Degâte sinn, déi kréie 4.000 Frang pro Persoun an 1.000 Frang pro Kand. Dat ass eng Mesure, déi trëtt muer a Kraaft."

Déi Sue konnten d'Leit sech beim Office social vun der Stad ausbezuele loossen.

Den Accident huet de Quartier net nëmmen architektonesch, mee och vu senger sozialer Zesummesetzung hier nohalteg verännert, esou de Jean-André Stammet. Well fir d'éischt mol déi juristesch Responsabilitéit gekläert huet musse ginn, huet et nämlech ronn 10 Joer gedauert, bis d'Haiser nees ganz opgebaut waren: "An der Tëschenzäit hunn déi meescht Leit sech eng Existenz iergendwou anescht opgebaut, well se hei am Quartier keng Wunneng fonnt hunn. An no zéng Joer stellt ee sech d'Fro, ob een nach wëllt zeréckkommen an op där anerer Säit waren dat Sozialwunnengen, do huet ee musse bestëmmte Konditiounen erfëllen, fir an de Genoss vu sou enger Wunneng kënnen ze kommen, an déi waren da vläicht och net méi erfëllt. Dat heescht entweder wollte se net méi oder se konnten net méi zeréckkommen. Et sinn der awer natierlech e puer, déi rëm zeréckkomm sinn."

Et géing een haut dann och deels eng gewësse Frustratioun bei de Concernéierte vun deemools eraushéieren.

Den 13. Juni wäert op Héicht vun der Gedenkplackett fir déi dräi Doudesaffer beim Béinchen eng Commemoratiounszeremonie organiséiert ginn. An deem Kader gëtt dann och een Documentaire gewisen, deen de Kameramann Claude Pauly am Optrag vum Syndicat d'initiative Pafendall-Sichenhaff realiséiert huet.

Back to Top
CIM LOGO