Numm muss vun der Fassad erofRiichter decidéiert, dat Kennedy Center net nom Trump däerf ëmbenannt ginn

RTL mat AFP
E Riichter an den USA huet decidéiert, dass d'Ëmbenenne vum Kennedy Center zu Washington illegal war an huet ugeuerdent, dass dem Trump säin Numm bannent 14 Deeg ewechgeholl muss ginn.
Den US-President huet d'Decisioun an de Richter op de Soziale Medie kritiséiert.
© KENT NISHIMURA/AFP

E Bundesriichter an den USA huet e Freideg decidéiert, dass d'Ëmbenenne vum "Kennedy Center for the Performing Arts" zu Washington zum "Trump Kennedy Center" net rechtméisseg war. Domat muss den Numm vum President Donald Trump bannent 14 Deeg vum Gebai an aus allen offiziellen Dokumenter nees ewechgeholl ginn.

D'Geriicht huet gläichzäiteg och d'Pläng gestoppt, mat deenen de Kennedy Center fir zwee Joer sollt wéinst Renovatiounen zoumaachen ginn.

D'Decisioun geet dorop zeréck, dass nëmmen de Kongress d'Recht huet, dem Kulturzentrum en neien Numm ze ginn. De Kennedy Center war ursprénglech nom verstuerwene President John F. Kennedy benannt ginn.

Den Trump hat um Ufank vu senger zweeter Mandatsperiod d'Kontroll iwwert d'Institutioun iwwerholl an de Verwaltungsrot mat enke Vertraute besat. De Rot hat dunn am Dezember decidéiert, de Centre ëmzebenennen an dem Trump säin Numm op d'Fassad ze setzen.

Bléck op de Kennedy Center am Februar 2026.
Bléck op de Kennedy Center am Februar 2026.
© Photo by BRENDAN SMIALOWSKI / AFP

Nom Geriichtsurteel huet den US-President ugekënnegt, dass hie sech zréckzéie géif an d'Kontroll iwwert de Kulturzentrum erëm un de Kongress géing ofginn. Gläichzäiteg huet hien d'Geriicht an de Riichter op de Soziale Medien attackéiert.

Den Trump versicht reegelméisseg, säin Numm a säi Bild an offizielle Gebaier an Institutioune present ze maachen. Sou gouf zum Beispill schonn de "US Institute of Peace" opgeléist an no him ëmbenannt. D'Trump-Regierung beméit sech och, säi Bild op engem 250-Dollar-Schäin ze placéieren, dat fir den 250. Anniversaire vun der amerikanescher Onofhängegkeet dëst Joer ze feieren.

Back to Top
CIM LOGO