Samu op der PlazKand zu Nidderkuer vun Auto ugestouss a blesséiert

RTL Lëtzebuerg
De CGDIS mellt sëllegen Accidenter um Freideg, dorënner e Kand, dat zu Nidderkuer ugestouss a blesséiert gouf.
© Laurent Weber

Um 18:30 Auer e Freideg gouf e Kand an der Rue Pierre Gansen zu Nidderkuer ugestouss a blesséiert. De Samu gouf op d'Plaz geruff, genee wéi d'Ekippen aus dem Asazzenter
Suessem-Déifferdeng.

En Auto an e Moto sinn um kuerz no 18 Auer um Boulevard de Kockelscheuer an der Stad anenee gerannt, dobäi gouf eng Persoun blesséiert. Op der Plaz waren déi lokal CGDIS-Ekippen aus der Stad.

Eng weider Kollisioun tëscht Auto a Moto gouf et kuerz Zäit méi spéit an der Avenue de Luxembourg zu Nidderkäerjeng. Och hei gouf eng Persoun blesséiert, d'Asazzentere vu Käerjeng a Suessem-Déifferdeng goufen op d'Plaz geruff.

Weider mellt de CGDIS dräi Vegetatiounsbränn um Freidegowend, dat zu Esch, Reiland an zu Colmar-Bierg. Och ëm Dampentwécklungen huet sech misse gekëmmert ginn, dat an der Stad a bei engem Bus op der A3.

Back to Top
CIM LOGO