NEI BEI DEN ÉDITIONS GUY BINSFELD // NOVEMBER 2019

Dem chineesesche Philosoph Lao Tse säin Tao Te King aus dem 6. Joerhonnert viru Christus zielt zu deene
meeschtiwwersatene Bicher op der Welt. Déi 81 kuerz Texter spigelen en humanistescht Gedankegutt erëm, an dat
a ville Beräicher vum mënschlechen Zesummeliewen. D’Weisheeten, déi een hei fënnt, si genausou déif wéi
heiansdo paradox.
Tao Te King handelt vum Wierken ouni ze Handelen, vun der Stäerkt vum schwaache Waasser, vun den
Herrscher, déi Grousses leeschten, andeems se sech selwer klengmaachen, a vum Näischt, dat villes bedeit. Et ass
e spirituellt Wierk an awer och e ganz praktescht, dat weist, wéi d’Mënsche mateneen ëmgoe kënnen, ouni just
op hiren eegene Virdeel aus ze sinn.
Lieser aus deene verschiddenste Kulturkreesser an iwwert d’Epochen ewech hunn sech vum Lao Tse senger
Philosophie beaflosse gelooss. Déi vill Versioune vum Tao Te King, déi dobäi entstane sinn, ware sielen
Iwwersetzungen am enke Sënn an dacks méi oder wéineger fräi Nodichtungen. Esou ass et och an dësem Buch.
De Serge Tonnar huet den Tao Te King als Éischten an d’Lëtzebuergescht iwwerdroen an dofir eng Wuertwiel
getraff, déi einfach ass, ouni ze vereinfachen. Am Zesummespill mat den Aquarelle vum Jean-Marie Biwer – ee
Bild pro Text – entsteet esou d’Méiglechkeet, dës al Philosophie am neie Gewand an an hirer Relevanz fir déi
haiteg Zäit ze entdecken.
Oder, wéi de Serge Tonnar a sengem Nowuert seet: „Mat senger Léier vun Toleranz, Respekt a Matgefill, fräi vun
all Dogma, ass den Tao Te King en Text, deen haut an hei grad sou wichteg ass a grad sou inspiréiere ka wéi
deemools.“
LAO TSE „TAO TE KING
BUCH VUM WEE“
SERGE TONNAR / JEAN-MARIE BIWER

SERGE TONNAR
De Serge Tonnar ass fräischaffenden Auteur, Komponist an Interpret. Seng Haaptaktivitéit ass d’Kompositioun
vun eegene Lidder, virun allem mat senger Band Legotrip. Dernieft schafft e geleeëntlech am Theater als Museker,
Schauspiller, Regisseur an Auteur.
Hien ass Matbegrënner vu MASKéNADA, Kënschtlerkollektiv a Produktiounsplattform fir alternativ theatralesch
a musikalesch Projeten. 2015 huet en d’Associatioun Mir wëllen iech ons Heemecht weisen an d’Liewe geruff, déi
sech fir den interkulturellen Dialog asetzt, absënns tëscht Flüchtlingen a Leit vun hei.
JEAN-MARIE BIWER
De Jean-Marie Biwer schafft als Kënschtler, Konschtmoler, Grafiker a Bildhauer. Zënter 1980 hat hien iwwer 50
Eenzelausstellungen a Lëtzebuerger an internationale Galerien a Muséeën. Hien huet u wichtege
Gruppenausstellungen zu Lëtzebuerg a weltwäit deelgeholl – ënner anerem zesumme mam Sculpteur Bertrand
Ney op der XIV. Biennal zu Venedeg.
Zu sengen Aarbechte gehéieren och Illustratiounen zu Wierker vum Jean Portante, Lambert Schlechter a Jean
Sorrente. Doriwwer eraus huet hien Texter iwwert d’Konscht an de Konschtmaart verfaasst. 1989 huet hien de
Prix de Raville gewonnen an 2016 de Kulturpräis vun der Stad Diddeleng

LAO TSE
TAO TE KING, BUCH VUM WEE
Serge Tonnar / Jean-Marie Biwer
mat 81 Aquarelle vum Jean-Marie Biwer
184 Säiten
200 x 200 mm
Hardcover mat Réck aus Léngent mat Liesbändchen
ISBN 978-99959-42-58-8
40 €