Déi 13t Editioun vum Printemps des Poètes ass dës Kéier am Hierscht: Vum 25ste bis de 27ste September

Déi grouss Soirée d'ouverture ass de Freideg 25ste September um 19h00 am Casino an der Stad, et liesen ënner aneren de Francis Kirps an d'Laureaten vum Concours Jeune Printemps.

E Samschdeg 26ste September ass d'Grande Nuit de la Poésie (19h00-22h00) an der Abtei Neimënster, fir Lëtzebuerg sinn de Florent Toniello, de Francis Kirps an den James Leader um Rendez-Vous.

De Sonndeg 27ste September steet ganz am Zeeche vun der Matinée poétique, vun 11h00 un an der Galerie Simoncini an der Stad. Dorun kann ee just iwwer Live-Stream deelhuelen.

All dës Evènementer si gratis, fir d'Soirée d'ouverture an d'Grande Nuit de la Poésie muss een sech awer umellen.

Dobäi sinn 9 Poeten a Poetinnen aus 7 Länner:

Margret KREIDL (Éisträich)

Helga SIMON MOLA (Katalounien)

Hélène FRESNEL (Frankräich)

Vlado FRANJEVIC (Liechtenstein)

Francis KIRPS (Lëtzebuerg)

James LEADER (Lëtzebuerg)

Florent TONIELLO (Lëtzebuerg)

Raquel SEREJO MARTINS (Portugal)

Ioan T.MORAR (Rumänien)

© Printemps des Poètes

Weider Detailer ginn et um Site vun der Abtei Neimënster: