De fréieren Direkter vum CNA a Laureat vum europäesche Literaturpräis am Interview iwwer seng neitste Kuerzgeschicht.

D'Schéinheet vun de Landschaften am Minette huet de Jean Back, de fréieren Direkter vum CNA a Laureat vum europäesche Literaturpräis, schonn ëmmer faszinéiert. Am Interview erzielt hien vu senge Fotosprojeten, senger literarescher Aarbecht, an natierlech vu senger neier Kuerzgeschicht "De Schapp beim Wal", erauskomm an der Serie Timba bei Kremart Edition.

"De Schapp beim Wal" vum Jean Back

Den 30. September 2020 liese véier Auteuren aus hiren Timba-Kuerz-Geschichten, déi an de leschte Méint bei Kremart erauskomm sinn, an der Aler Schmelz zu Stengefort, op Invitatioun vun der Gemeng Stengefort. Et muss ee reservéieren 39 93 13- 1 oder mat Mail op jonathan.gomes@steinfort.lu!

De Roland Meyer (Timba 6 “Food Leaks”), d’Josiane Kartheiser (Timba 7 “Dem Jemp seng Uerdnung” & Timba 11 “Déi nächst Etapp”) , d’Fabienne Hollwege (Timba 8 “Lucy Love”) an de Jean Back (Timba 9 “De Schapp beim Wal”).

De Roland Meyer an d’Fabienne Hollwege këmmeren sech och ëm e musikaleschen Encadrement.

Déi recommendéiert COVID-19 Mesüre ginn natierlech respektéiert.

Den Entrée ass gratis!