Den Ibn Battûta ass ee Personnage, deen an Europa net esou immens bekannt ass, an der arabescher Welt dofir ëm sou méi.

Les voyages d'Ibn Battûta

Hien huet am 14. Joerhonnert d‘Welt bereest, dobäi villes erlieft, an dat duerno, wéi hien nees an de Marokko heemkomm ass, dem Sultan vu Fez erzielt. Ënnert anerem, well him net gegleeft gouf, wat hien alles erlieft huet, an de Sultan decidéiere sollt, ob hien d‘Wourecht seet, oder net. Seng Rees huet hien duerch grouss Deeler vun der deemools bekannter Welt gefouert, aus dem Marokko, iwwert Granada (deemools nach a Mosleemescher Hand) bis op Péking.

An esou léiert een och als Lieser eng Welt kennen, déi zwar vun de Relioun gepräägt ass, mä een anert Bild vum Islam weist ewéi et haut dacks an der Aktualitéit ass. Et weist virun allem, datt et um Enn egal ass, wéi enger Relioun ee méi no steet, well um Enn gleewen si all un dat selwecht, virun allem wann et ëm déi mënschlech Wäerter geet.

De Respekt vu senge Matmënschen zitt sech wéi ee roude Fuedem duerch d‘Geschicht, an esou kritt een en anert Bild vum Islam, wann déi eege Kultur éischter chrëschtlech gepräägt war. Den Ibn Battuta huet sech awer och eng sëlleche Fräiheeten geholl a säi Glawen zum Deel esou interpretéiert, wéi et him grad am Beschte gepasst huet.

„Les voyages d‘Ibn Battûta“ ass eng Bande Dessinée vum Joël Alessandra. Déi huet hien net eleng realiséiert, mä sech op ee Buch vum Lotfi Akalay baséiert, deen d‘Rees vum Ibn Battûta schonn an engem Roman adaptéiert huet, andeems hie sech op den Original-Reesbeschreiwungen aus dem 14. Joerhonnert baséiert huet.

Iwwert dem Liese vun der Geschicht reest ee mam Ibn Battuta, et entdeckt een aner Kulturen, a lauter kleng Anekdoten. Dobäi passéiert näischt Weltbeweegendes, spannend ass d‘Geschicht u sech och net. An awer gëtt et zu kengem Moment langweileg. Wat zum Deel doru läit, datt d‘Geschicht an der Bande Dessinée an verschidden Deeler erzielt gëtt, déi graphesch all Kéiers op eng ganz eege Manéier behandelt gi sinn.

Bei de Biller fënnt een dat erëm, wat ee vum Joel Alessandra schonn aus sengen anere Bande Dessinée kennt: Wonnerschéi Biller, déi och den Dekoren an deenen d‘Geschicht spillt Plaz loosse fir sech ze entfalen. Esou datt een iwwert dem Liese wierklech d‘Gefill huet, een Deel vun där Rees ze sinn, an déi Plaze selwer ze entdecken. D‘Faarwe spillen do eng wichteg Roll, mat enger waarmer Faarfpalette, déi typesch fir dem Auteur seng Zeechnungen ass.

Et ginn an dëser Geschicht e puer Elementer, déi sech wéi ee roude Fuedem duerch dee ganzen Album zéien: D‘Reesen, mam Virwëtz deen domat verbonnen ass, der Loscht fir eppes Neits, nei Kulturen, ze entdecken a kennen ze léieren, an dobäi och eppes iwwert sech selwer gewuer ze ginn. Dofir ass d‘Haaptfro déi ee sech iwwert dem Liesen och stellt: Wat ass eigentlech d‘Zil vun enger Rees?

An dann ass et dat, wat eis ëmmer undreift, wat och hei de roude Fuedem ass: D‘Léift, a wou een se fënnt:

Virun allem ass et ee Buch datt ee léiert d‘Welt mat aneren Aen ze gesinn, am Respekt virun all de Mënschen a Kulturen. Eng Rees déi um Enn och déif an de Lieser selwer erageet, a wäit iwwert deen éischten Zauber erausgeet, deen ee beim Liese vum Buch beréiert.

„Les voyages d‘Ibn Battûta“ vum Joel Alessandra, eng Bande Dessinées Adaptatioun vum Lotfi Akalay sengem Roman iw wert dem Ibn Battuta senge Reesen, an der „Rhila“ dem Battuta sengem eegenen Text iwwert déi Reesen ass bei den Editions Dupuis an der Collectioun Aire Libre erauskomm. D‘Buch huet 248 Säiten a kascht ronn 30 Euro.