Fir "Larven" krut d'Nora Wagener 2017 de Servaispräis. Mat hirem neie Roman schléit si thematesch a stilistesch nei Weeër an.

“Alle meine Freunde - Der Roman zur Kreuzfahrt” sou heescht dat neit Buch vun der Nora Wagener. A wéi bei Croisière sou üblech, begéinen sech wëllfriem Leit all Owes um Iessdësch.
D’Henriette ass eng eeler Damm mat éischten Alzheimer-Symptomer, d’Rees déi si zesumme mat hirer Frëndin Mona untrëtt, war den Haaptpräis bei engem Gewënnspill. De Carlo ass e mässeg talentéierte Sänger den am leschte Moment fir dee populären Entertainer Tuba Libre agesprongen ass, d’Rees ass dowéinst fir hien a seng Fra Melanie gratis. D’Sandra kritt vun hirem Mann all Joers eng Woch um Croisièreschëff geschenkt, als eng Zort Auszäit an der si sech ganz op sech selwer an hir behënnert Duechter Nadine konzentréiere kann. Den Georgy an d’Marina si Cousin a Cousine, déi zwee jonk Ungaren schaffen um Schëff, an hunn allebéid hir eegen Ambitiounen.  De Lieser erliewt déi 8 Deeg aus deenen ënnerschiddleche Perspektiven. Mat engem Schotz Ironie awer och ganz vill Empathie fir hir Personnagen zeechent d’Nora Wagener de Mikrokosmos vun enger gigantescher Ameséierfabrik der géintiwwer d’Ängschten an d’Onsécherheeten vun deene Mënsche stinn, déi den Zoufall fir kuerz Zäit hei zesummebruecht huet.

Am Interview erzielt d’Servais-Laureatin vun 2017 vun hirem Buch, vun hire Pläng fir d’Zukunft, awer och vun enger aussergewéinlecher Liesung an der Elbphilharmonie zu Hamburg. Zesumme mat der Schrëftstellerkollegin Elise Schmit an dem Museker Pascal Schumacher war si nämlech vum Gewënner vum däitsche Buchpräis 2019, dem Sasa Stanisic dohinner invitéiert ginn.

"Alle meine Freunde" vun der Nora Wagener

"Alle meine Freunde - Der Roman zur Kreuzfahrt" vun der Nora Wagener ass bei den éditions Guy Binsfeld erauskomm.