Eent vu villen däischtere Kapitelen vum 2te Weltkrich war dat vun den Deportatiounen. Dëst Buch erzielt d'Geschicht vun dem 17 Joer jonken Emilia.

Den Interview mat der Autorin:

"Er nannte mich Mile" vun der Renée Stoll

Eent vu villen däischtere Kapitelen vum 2te Weltkrich war dat vun den Deportatiounen. Dëst Buch erzielt d'Geschicht vun dem 17 Joer jonken Emilia a sénger Famill. D'Renée Stoll huet dës Geschicht opgeschriwwen an zu engem Buch verschafft.

An dobäi hat den Zoufall seng Hand am Spill. Beim Spadséieregoen mat den Hënn léiert d’Renée Stoll den Neveu vun der Fra kennen, déi am Mëttelpunkt vun hirem Roman steet. E Roman iwwert en Témoignage, wéi si et ausdréckt, well d'Deportatioun war fir d'Emilia Fattore an hir Famill batter Realitéit. Mä d'Milly, wéi si genannt gouf, huet ëmmer e Wee fonnt fir sech an hirer Famill d'Liewen eng Grimmel méi liicht ze maachen. Besonnesch hir zwee kleng Neveuen, deen 2 Joer ale John, an säin neigebuerene Bridderchen, louchen hir um Häerz. Dobäi huet si och ganz vill Courage bewisen.

D'Emilia, 2019 vun der Renée Stoll fotograféiert / © Renée Stoll

Ugangs dëser Woch ass d'Emilia am Alter vu 94 Joer gestuerwen. Wat bleift ass hir Geschicht.

D'Autorin Renée Stoll / © RTL/Bea Kneip