Dës Bande Dessinée stécht voller Witz an Humor, an ass een Hommage un d’Famill, déi den Alldag vum Liewen als Famill op d’Schëpp hëlt.

Family Life

Den Auteur vu “Family Life”, de Jacques Louis, huet schonn d’Série “Le chômeur et sa belle” realiséiert, eng Bande Dessinée iwwert déi jonk Koppel Jacques a Céline, an där de Jacques huet misste mat senger Situatioun als Chômeur eens ginn. Déi selwecht Personnage fënnt een elo och a “Family Life” erëm, mä aus der Koppel ass eng Famill mat zwee klenge Kanner ginn. Am zweeten Album vu "Le chômeur et sa belle” war d'Céline schwanger. "Family Life" ass deemno eng Zort Suite, mat deene selwechte Personnagen, déi awer méi mënschlech an natierlech gi sinn, an net méi wéi Karikature wierken.

An der Tëschenzäit war och am Liewe vum Auteur vill geschitt, wouduerch hien Zäit gebraucht huet, fir dësen neie Projet unzegoen. Doduerch ass ënnert anerem den Toun e bësschen anescht. "Family Life“ erzielt d‘Liewe vun enger klenger Famill. Vum Jacques, vum Céline, an hiren zwee Meedercher Mélanie a Cathy. Wéi si hiren Alldag meeschteren, tëscht Schoul, Hausdéieren, Botzen, schaffen, plënneren, an deene sëllege Froen, déi Kanner esou stellen. A virun allem och, weist hien op eng lëschteg Manéier, wéi komplizéiert d‘Liewen als Koppel op eemol gëtt, wa bis Kanner do sinn.

Et ass awer keng Autobiographie. Villes wat an dëser Bande Dessinée erzielt gëtt, kënnt aus dem Liewen, dat erkennt een och iwwert dem Liesen. Et ginn eng sëllegen Zeenen, an deenen ee sech och selwer erëm erkennt. Mä et gëtt net alles 1:1 erzielt, wat de Jacques Louis mat senger klenger Famill erlieft huet. Alles ass adaptéiert ginn, ëmgeschriwwe ginn, datt et och bei d'Konzept passt, dat fir dës Bande Dessinée zeréck behale ginn ass.
Et gi vill Detailer déi maachen, datt dës Bande Dessinée iwwert dem Liesen immens vill Spaass mécht. Dat fänkt mat deem éierlechen Toun un, an deem déi eenzel Zeenen erzielt ginn. An dann och mat der Analys déi den Auteur iwwert d‘Familljeliewe gemaach huet. Zum Beispill, wann hien d‘Liewen an der Famill, mat klenge Kanner, mam Film Jurassic Parc vergläicht. An hien dreift seng Analys duerno nach op d‘Spëtzt, andeems hien zur Konklusioun kënnt, datt een dem Steven Spielberg seng Filmer praktesch all och kann aus der Siicht vun Eltere kucken, déi hir eege Situatioun do gewise kréien. Bei deenen enge läit et méi op der Hand, bei Filmer wéi dem Wäissen Hai ass et e bëssche méi wäit hiergeholl.

Och Traditioune ginn a „Family Life“ gewisen, an eng vun deenen Traditiounen, déi an deene meeschte Famille warscheinlech ee spezielle Stellewäert huet ass Chrëschtdag. Do seet de Jacques am Buch, datt et wichteg ass, datt d‘Gréisst vum Chrëschtbeemchen a Relatioun mat all deem Misär steet, deen een am vergaangene Joer erlieft huet.

Dës Bande Dessinée war laang an der Maach. Deen zweeten a leschten Album vu „Le chômeur et sa belle“ ass viru 7 Joer erauskomm. Dat läit och dorun, datt de Jacques Louis an der Tëschenzäit am Private vill ze verschaffen hat. Dat fënnt ee schlussendlech och a „Family Life“ erëm. Hien huet säi Brudder verluer, deem hien immens No stoung. A säin Alter Ego um Pabeier, muss dee Verloscht duerch dee ganzen Album verschaffen. Doduerch zitt den Doud vum Brudder sech wéi ee roude Fuedem duerch dee ganzen Album, ouni datt een dat mam Schlohummer agehummert kritt. Vill méi gëtt déi Situatioun ganz dezent an d‘Geschicht agebaut, d‘éischt just mat klengen Uspillungen, an da mat klenge Steigerungen. Bis de Jacques dann um Schluss vum Album mat senge Kanner schwätzt an hinnen erkläert, wat mat him lass ass, an um Enn dann och geléiert huet, mat der Trauer ëm säi verstuerwene Brudder ëmzegoen. Ee Schluss vum Album, deen déif beréiert, mä net pathetesch gëtt.

Nieft deem wat erzielt gëtt, dem Text an der Manéier wéi d‘Zeenen opgebaut sinn, spillen och d‘Zeechnungen eng wichteg Roll, fir an all Situatioun dee richtegen Toun ze geroden. An och d‘Faarwen an de Layout vum Album sinn net zoufälleg gewielt, mä si genee un den Toun deen den Auteur wollt hunn, ugepasst. De Rhythmus duerch dee ganzen Album stëmmt. En ass virun allem witzeg, am Toun ganz éierlech, a weist och déi manner schéi Säiten. E begleet een duerch d‘Liewen, an all den Etappen déi dozou gehéieren. Dee Spagat ass net einfach, a mat ee Grond, datt et esou laang gedauert huet, bis de Jacques Louis nees eng nei Bande Dessinée erausbruecht huet.

Déi Komplexitéit, vun där een als Lieser awer bewosst näischt matkritt, ass mat dofir responsabel datt „Family Life“ net einfach aus dem Aarm konnt gerëselt ginn. Duerch déi Approche fält et engem als Lieser liicht, op d‘mannst wann ee selwer Kanner huet, fir sech mat de Personnagen an dëser Serie ze identifizéieren. "Family Life", vum Jacques Louis ass ee klenge Bijou vun enger Bande Dessinée, net nëmme wéinst hirem Format. Se deet ee laachen, heiansdo stëmmt se och nodenklech oder esouguer traureg. Se weist d‘Liewen, ass trotz deenen eeschte Sujeten déi ugeschnidde gi ganz liicht a stécht voller Optimismus.

"Family Life" huet 96 Säiten, kascht 13,50 Euro, an ass bei den Editions Dupuis erauskomm.