E Buch iwwert den Äisbier Josi, deen auswandert well e kee Liewensraum méi huet.

Op senger Rees begéint hien d'Gina. Si decidéieren, bei d'Kanner ze goen a mat hinnen zesummen d'Welt ze retten. Kommt, mir retten d'Welt zesummen!

"Wat ass dat sou kal hei" beschwéiert sech de Josi. "Ma dat ass dach normal, du wunns schliisslech um Nordpol, do dierf et net waarm sinn. Soss schmëlzt d'Äis jo nach méi séier wéi et et elo schonns mécht." äntweren him seng Elteren. 

De Josi verléisst den Nordpol fir d'Mënschen dozou ze bréngen fir d'Welt ze retten. 

"De Josi wandert aus - Josi emigrates" ass en zweesproochegt Buch vun der Mireille Weiten- de Waha (Text) an dem Marco Weiten (Illustratiounen) Déi englesch Iwwersetzung ass vum Jean-Pierre Thiltges.

ISBN 978-2-9199611-2-2

Präis: 25€